D’Police geet dovun aus, datt d’Explosioun duerch “mënschlecht Handelen” ausgeléist gouf.
Méi genee Informatioune si fir de Moment net bekannt. D’Police wëllt d’Ursaach vun der Explosioun elo ermëttelen.
Kuerz no Mëtternuecht hat d’Police d’Explosioun gemellt kritt.
D’Police huet d’Ënnerféierung zu Völklingen gespaart. Et heescht, et hätt keng Gefor fir d’Populatioun ginn.
D’Police freet d’Populatioun ëm Hëllef. Op engem Portal sammelt si Informatiounen iwwer dat wat geschitt ass.