Muer an e Freideg streiken dann och d‘Piloten an d'Pilotinnen. Dat gëllt fir d‘Lufthansa mee och fir d‘Duechter-Airline Eurowings. Hannergrond vum Streik ass een Tarifsträit an Diskussioune ronderëm besser Aarbechtskonditiounen, déi net virukommen.
Betraff sinn ënner anerem och zwee Flich vu Lëtzebuerg op München: de Moien um 09:40 Auer an de Mëtteg um 16:45 Auer.