Wéi virun engem hallwe Joer annoncéiert gouf, wien an der neier däitscher Regierung sëtzt, huet dat hei am Land gewëssen Hoffnungen ausgeléist, datt Zuchverbindunge mat Däitschland sech elo séier kéinte verbesseren. Mam Patrick Schnieder kënnt den däitsche Verkéiersminister nämlech elo aus der Géigend vu Bitburg, also direkt op där anerer Säit vun der Grenz.
25 Minutte méi séier op Köln
Gëschter um Mëttwoch huet de Patrick Schnieder seng Lëtzebuerger Kolleegin Yuriko Backes och zu Berlin empfaang. D'Zuchverbindunge waren och effektiv ee Volet vun enger gréisserer Diskussioun déi béid Ministeren zum Theema Mobilitéit haten, huet d'Yuriko Backes am 100,7-Interview confirméiert.
"Ee Sujet war do effektiv d'Eifel-Strecke, fir méi séier och op Köln ze kommen, wéi iwwer d'Mosel-Strecke, déi mir kennen. D'Eifel-Strecke ass amgaang. elektrifizéiert ze ginn. an ech war ganz frou, dass si mir och haut konnte confirméieren, dass dat awer soll fir 2028 da fäerdeg sinn."
Dëst géing den Trajet vu Lëtzebuerg bis op Köln mam Zuch ëm ronn 25 Minutte verkierzen, erkläert d'Mobilitéitsministesch. Gebraucht ginn dann awer nach ëmmer 3 Stonnen a 15 Minutten, virausgesat den Zuch huet keng Verspéidung.
Lëtzebuerg-Saarbrécken via Tréier
En anere Sujet war eng "Machbarkeets-Etüd" fir eng Zuchstreck Lëtzebuerg-Saarbrécken-Mannheim, déi zesumme vu Lëtzebuerg, dem Saarland a Rheinland-Pfalz mat der Regioun Grande-Est duerchgefouert ginn ass. Do ass et d'Zil, de Bustransport duerch den Zuch ze ersetzen. D'Resultater vun dëser Etüd gi fir Januar erwaart.
Gewosst ass awer, datt d'Verbindung Lëtzebuerg-Saarbrécken iwwer Tréier géing lafen, esou d'Ministerin op Nofro hin.
Ob a wéi vill Lëtzebuerg finanziell gesi bäileeë muss ass nach net gewosst. Dat géing a weidere Gespréicher determinéiert ginn, esou d'Yuriko Backes.
Kee Peage méi op der Musel
Da koum et awer och nach zu engem Accord tëschent Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich.
"Mat Frankräich zesummen hu mir d'Ofschafe vun de Peagen op der internationaler Musel decidéiert, an dat no 60 Joer, wou dann eeben elo Schluss ass mat Peagen. D'Musel war ee vun de leschte Flëss, deen nach Peagen hat."
Doduerch soll de Waassertransport promouvéiert ginn, betount d'Yuriko Backes. Et wier wat de Wuerentransport ugeet eng ganz nohalteg Aart a Weis fir vun A op B ze kommen. dofir wier dat "e staarkt Signal" fir gratis a fräien Transport innerhalb vun der EU, eeben och op de Waasserweeër.