Radioen

On air

Sot Emol  |  Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Westlech Zaldoten an der Ukrain: „En oppent Geheimnis“

Krich an der Ukrain

Westlech Zaldoten an der Ukrain: „En oppent Geheimnis“

Et wiere scho westlech Zaldoten an der Ukrain. Dat huet de polneschen Ausseminister an engem Interview mat der dpa gesot. Et wier en oppent Geheimnis, dass schonn eng Rei Truppen aus grousse Länner an der Ukrain wieren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

De polneschen Ausseminister, Radosław Sikorski, huet och den Usaz vum franséische President Macron begréisst, fir sech d‘Optioun fir Buedemtruppen an d‘Ukrain ze schécken, opzeloossen.

Polen géif awer, aus historesche Grënn, keng Truppen an d‘Nopeschland schécken.