Radioen

On air

Tockcity  |  Friedberg - The Greatest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat russesche Sue sollen indirekt Waffen a Munitioun fir d'Ukrain finanzéiert ginn

Europäesch Kommissioun

Mat russesche Sue sollen indirekt Waffen a Munitioun fir d'Ukrain finanzéiert ginn

D’Europäesch Kommissioun proposéiert, der Ukrain de Profit aus deene Suen zur Verfügung ze stellen. An zwar sollt där Propos no dee gréissten Deel dovun an dat ukrainescht Militär gestach ginn. Dee Virschlag ass net onëmstridden ënnert de Memberlänner. Lëtzebuerg gehéiert zu deenen, déi net direkt Jo gesot hunn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Schonn am Januar ware sech d’Länner iwwert de Prinzip eens ginn: D’Profitter vun den 200 Milliarden Euro vun der russescher Zentralbank, déi an der EU op Äis geluecht goufen, sollten der Ukrain zoukommen.

Déi Suen, ëm déi et hei geet, leien iwwregens integral op der belscher zentraler Depotbank “Euroclear . Si hunn deemno näischt mat der Fuerderung vum ukrainesche Premier vum Dënschdeg wärend senger Visitt zu Lëtzebuerg ze dinn.

Den Denys Schmyhal hat gesot, de Grand Duché sollt konfiszéiert russesch Verméige vun Oligarchen an Héicht vu sechs Milliarden Euro sengem Land zur Verfügung stellen. 

Et geet ëm d'Profitter, net ëm Verméigen

Der Decisioun vum Januar no soll net dat konfiszéiert Verméige vun der russescher Zentralbank, mee eben d’Profitter doraus un d’Ukrain ausbezuelt ginn. 

Et wier mat 3 Milliarden Euro pro Joer ze rechnen, huet den EU-Chefdiplomat Josep Borrell preziséiert. 90 Prozent géingen un d’europäesch Friddens-Facilitéit. Een EU-Dëppen, aus deem da Waffen a Munitioun fir d’Ukrain finanzéiert géife ginn. De Rescht géing an den EU-Budget fléissen, fir den Neesopbau an der Ukrain ze finanzéieren an déi ukrainesch Defenseindustrie ze ënnerstëtzen.

Oneenegkeet ënnert den EU-Länner

Dat awer ass an der EU nach ëmstridden. Well och wann ee sech eens war, d’Profitter ze notzen, war ee sech nach net eens doriwwer, woufir déi Sue solle gebraucht ginn. Um Ufank war nämlech Rieds dovun, se an éischter Linn an den Nees-Opbau vun der Ukrain ze stiechen.

Op enger Reunioun vun den Ambassadeuren déi lescht Woch hat Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, déi als éischt eng Diskussioun iwwer méiglech juristesch Problemer wollten.

Lëtzebuerg huet vun Ufank un zu de skeptesche Länner gehéiert. D’europäesch Zentralbank hat virdru gewarnt, datt esou Demarchen dem Euro als stabil Wärung schuede kéinten.

Et wier een am Kontakt mat der EZB an et géif ee sech vun dëser Mesure keng Konsequenze fir den Euro erwaarden, sou een héijen EU-Diplomat.

Ee Präzedenzfall schafen

"Mir brauchen déi Profitter aus de konfiszéieren ëffentleche Gelder, fir de Neesopbau a fir Waffen a Munitioun ze kafen.", huet den ukrainesche Premier Denis Schmyhal nach eng Kéier zu Bréissel widderholl. Dat awer kéint just een éischte Schrëtt sinn.

“Mir brauchen och séier Decisiounen, fir all de Rescht vum konfiszéiertem Verméigen och kënnen ze notzen. Europa an d’Welt brauch een effikasse Précedent, fir datt den Aggresseur een héije Präis bezuele muss, fir d’Zerstéierung an der Ukrain.”

D’Propos läit elo um Dësch vun de Memberlänner. Si mussen se unanime unhuelen. De Sujet wäert sécher e Mëttwoch um EU-Sommet ugeschnidde ginn.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Krich an der Ukrain
Wirtschaft