Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Temptations - Little Green Apples

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 13. Weltwäite Schoulstreik fir d'Klima

Fridays for Future

13. Weltwäite Schoulstreik fir d'Klima

Weltwäit sinn haut honnerte Manifestatiounen a Klimastreiken a Schoule geplangt – domat wëll d‘Klimabeweegung Fridays for Future politeschen Drock am Kampf géint d‘Äerderwiermung erhéijen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Klimastreik 15. Septembr | © picture alliance / Pressebildagentur ULMER play_arrow
Elleng an Däitschland sinn haut 245 Manifestatiounen geplangt (Foto: picture alliance / Pressebildagentur ULMER)

Den Ausstig aus Kuelen, Ueleg a Gas soll méi séier geschéien. Eleng an Däitschland sinn haut 245 Manifestatioune geplangt.

Weltwäit sinn haut honnerte Manifestatiounen a Klimastreiken a Schoule geplangt – domat wëllt d‘Klimabeweegung Fridays for Future politeschen Drock am Kampf géint d‘Äerderwiermung erhéijen. Den Ausstig aus Kuelen, Ueleg a Gas soll méi séier geschéien.

Mat den Demonstratioune fuerdert d’Klimaschutzbewegung Fridays for Future méi Éiergäiz am Kampf géint d‘Äerderwiermung. Trotz viller Kritik ergëtt eng Enquête vum Politmonitor, datt eng Majoritéit, ronn 59 Prozent, vun den Däitschen hannert de Klimaprotester steet.

Et ass schonn den 13. Globale Schoulstreik fir d’Klima, deen d’Greta Thunberg viru fënnef Joer an d’Liewe geruff huet.

Déi schwedesch Klimaaktivistin muss sech iwwerdeems de 27. September wéinst enger Aktioun Enn Juli am Hafe vu Malmö viru Geriicht veräntwerten, hir gëtt Befeelsverweigerung virgeworf. Dat huet d’Staatsanwaltschaft haut matgedeelt. Zesumme mat aneren Aktivisten hat si den Hafe vu Malmö blockéiert, fir géint d’Benotze vu fossille Brennstoffer ze protestéieren. Si ass dem Uerder vun der Police net nokomm, d’Plaz ze raumen. Kuerz drop huet si eng änlech Aktioun ënnerholl.

De Klimaprotestdag gouf haut iwwerdeems mat engem Bild vum Nordpol agelaut. Hei géif ee stäerksten Impakt spieren. Knapp 40 Wëssenschaftler hunn no enger Expeditioun eng Foto mat dem Titel „We deliver the facts, it’s time to act” publizéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International
Ëmwelt