Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit EU-Klimazil: Minus 90 Prozent

Decisioun vun der EU-Kommissioun

Neit EU-Klimazil: Minus 90 Prozent

An der Europäescher Unioun muss d’Emissioun vu klimaschiedleche Gase bis 2040 ëm 90 Prozent reduzéiert ginn par rapport zum Niveau vun 1990. D’Europäesch Kommissioun huet de Mëtteg en neit Klimazil fir 2040 proposéiert. Dat entspriechend Gesetz misst dann an der nächster Legislaturperiod virgeluecht ginn. D’Zil vun 90 Prozent bis 2040 gëtt vu Klimaschutzorganisatioune begréisst, si kritiséieren awer, datt d’Strategie, déi d’Kommissioun beschreift, fir dat Zil ze erreechen ze vage an net ambitiéis genuch ass.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Andreas Franke | Andreas Franke

Et wéilt een en Dialog lancéieren, huet den Dënschdeg de Mëtteg den EU-Kommissär fir de Kliamschutz Wopke Hoekstra am Europaparlament betount.

„Wat mir proposéieren ass eng Analys iwwert de Wee, deen dohi kéint féieren.“

Luef vun de Chrëschtdemokraten

Als Basis dofir leet d’Kommissioun ee ganz virsiichteg formuléierte Pabeier vir. Déi manner kämpferesch Approche gouf vun de Chrëschtdemokrate positiv opgeholl.

„Wir müssen die Industrie, die Landwirtschaft und die Menschen in die Lage versetzen, tatsächlich ambitionierte Ziele zu erreichen", seet de Peter Liese vun der CDU. 

Kritik vun de Gréngen

Ee Minus vun 90 Prozent CO2-Emissioune bis 2040 wier de Minimum vun deem wat d’Wëssenschaft recommandéiert, sou allerdéngs de Constat vun de Sozialisten an deene Gréngen.

Si kritiséieren, datt keen Enn vu fossillen Energië proposéiert an op Technologië verwise gëtt, deenen hir Wierkung ëmstridden ass.

 „Obwohl die EU in Dubai bei der Klimakonferenz noch ganz stark für das Ende der Fossilen geworben hat und für möglichst wenig CCS Technologien- sieht man genau das jetzt in diesem Klimaplan und das ist eben der völlig falsche Weg.“ 

CCS - dat sinn zum Beispill Anlagen a Kuelkraftwierker, déi CO2 aus dem Prozess erauszéien, fir en enzwousch anescht ze späicheren.

Kengem ze vill wéi dinn, schéngt d’Devise vun der Kommissioun an dem neie Klimakommissär ze sinn. Wuel och en vue vun de Bauereprotester sinn zum Beispill sektoriell Klimaziler fir d’Landwirtschaft aus deem Pabeier gestrach ginn. Och dat gouf vun där enger Säit begréisst an där anerer schaarf kritiséiert.

Lauschterenplay_arrow