Radioen

On air

Thé Dansant  |  Al Green - Take Me To The River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Rishi Sunak mat enger neier Approche zu Dubai

Groussbritannien

De Rishi Sunak mat enger neier Approche zu Dubai

De brittesche Premier Rishi Sunak ass zu Dubai ukomm fir den Optakt vun der COP28. Do wëll hien nei gréng Initiative fir Groussbrittanien verspriechen. Dat ass een neien ekologeschen Elan, nodeems de Sunak déi lescht Zäit, mat de Wale vum nächste Joer am Hannerkapp, éischter ekologesch Schrëtt no hanne gemaach hat. Dozou eng Auslandschronik vun eiser London-Korrespondentin Elodie Goulesque

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Photoshot

Hien ass grad eréischt zu Dubai ukomm a scho gëtt de Rishi Sunak kritiséiert, well hie mat engem Privatjet fir d’COP28 ugereest ass. Och de frësch vereedegten Ausseminister David Cameron an de Kinnek Charles III. komme mat eegene Privatfligeren.

Keng Iwwerraschung

Et wier keen ideale Start fir der Welt déi eegen ökologesch Ambitiounen ze weisen an däitlech ze maachen. Allerdéngs wier et net onbedéngt iwwerraschend vun engem Premier, deen an de leschte Méint an der Klimapolitik éischter Schrëtt no hanne gemaach hätt, mengt eis London-Korrespondentin Elodie Goulesque.

De brittesche Premier hätt eng Rei Decisioune getraff, déi géint d’Versprieche vum Land géife goen, bis 2050 klimaneutral ze ginn. Regierungsmemberen hätten esouguer Klimaaktivisten als “Öko-Idiote” bezeechent. Allerdéngs wier dat net just eng Haltung op der Säit vun de Konservativen ënnert dem Rishi Sunak. Och op der Säit vun der Aarbechterpartei hätt een zum Beispill de Verloscht vun engem Chambersëtz mat enger grénger Initiativ vum Londoner Buergermeeschter begrënnt.

D’Meenung vun de Leit

Der brittescher Politik no wier den Ëmwelt- a Klimaschutz just eng Prioritéit vun der méi gehuewener Gesellschaftsschicht, déi deconnectéiert vun der Realitéit wier. Ee rezente Sondage vu YouGov hätt awer gewisen, datt d’Ëmwelt op Plaz véier vun de Britten hire Suerge wier fir déi nächst fënnef Joer.

Elo gëtt de Rishi Sunak kritiséiert, hie wéilt op der COP28 just säi gréngen Image opfrëschen. D’brittesch Regierung hat Initiativen an Héicht vun 20 Milliounen Euro ugekënnegt, fir Parken an Naturreservater ze ënnerhalen an d’Natur méi accessibel fir Kanner ze maachen.

D’COP28 wier een Defi fir all Land iwwer d’Zukunft vun der Äerd, mee fir de Rishi Sunak wier et och en Indice fir d’Richtung vun der brittescher Klimapolitik an d’Zukunft vu senger Partei.

Lauschterenplay_arrow