Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weltwäit Milliardeschued wéinst Naturkatastrophen

Wirtschaft

Weltwäit Milliardeschued wéinst Naturkatastrophen

Bannent de leschten dräi Joerzéngte gouf et weltwäit an der Landwirtschaft an der Véizuucht eng Perte vun 3.800 Milliarden Dollar wéinst Naturkatastrophen, also Dréchenten, Stierm oder Iwwerschwemmungen

auto_stories

1 min

Bannent de leschten dräi Joerzéngte gouf et weltwäit an der Landwirtschaft an der Véizuucht eng Perte vun 3.800 Milliarden Dollar wéinst Naturkatastrophen, also Dréchenten, Stierm oder Iwwerschwemmungen. Dee Chiffer huet d‘Ernährungs- an Agrarorganisatioun vun de Vereenten Natiounen haut an engem Rapport publizéiert. Dat entsprécht ronn 123 Milliarden Dollar d‘Joer. Mat där Zomm hätten all Joer tëscht 400 a 500 Millioune Mënsche kënnen ernäert ginn. Am stäerkste betraff sinn dovu Länner mat niddregem bis mëttlerem Akommes.