Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Global Erwiermung: 1,5 Grad Limitt gouf iwwerschratt

Copernicus

Global Erwiermung: 1,5 Grad Limitt gouf iwwerschratt

Déi lescht 12 Méint war d‘Temperatur an der Moyenne weltwäit esou héich, ewéi ni virdrun, esou Copernicus. Si louch an den 12 Méint ëmmer iwwer 1,5 Grad am Verglach mam preindustriellen Zäitalter.

auto_stories

1 min

1,5 grad ass déi Limitt, déi am Fong net sollt iwwerschratt ginn. De Januar 2024 war dee wäermste Mount, zanter datt d‘Wiederdonnéeë konsequent opgezeechent ginn. Dat huet den europäesche Klimadéngscht Copernicus matgedeelt. Déi global Lofttemperatur op der Äerduewerfläch louch bei 13 - 14 Grad. Dat waren 0,7 Grad méi, ewéi n der Referenzzäit vun 1991 bi 2020.