Den Trapp mat 113 Kéi gouf virun zwou Woche géint de Virus geimpft, mee muss haut geschluecht ginn. D‘Impfung wierkt nämlech réischt 21 Deeg no enger Impfung.
Zënter dem Ufank vun der DNC-Epidemie probéiert Frankräich seng Verbreedung anzedämmen. Dat duerch d‘Schluechte vun infizéierten Häerden, Impfungen an Aschränkung vum Transport.