arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Louvre-Musée zu Paräis kritt een neien Direkter no Récktrëtt vun der Laurence de Cars

Frankräich

|
headphones

1 min

Louvre-Musée zu Paräis kritt een neien Direkter no Récktrëtt vun der Laurence de Cars

De Louvre Musée zu Paräis soll an Zukunft vum Christophe Leribault geleet ginn. De Leribault, President vum Château de Versailles, soll vum Emmanuel Macron fir den Direkter Poste nominéiert ginn.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Hie soll d‘Direktioun vun der Laurence des Cars iwwerhuelen. Si war gëschter zeréckgetrueden. D‘Direktesch stoung an der Kritik zënter dem spekatulären Abroch am Louvre am Oktober zejoert. Si wollt schonn zu deem Zäitpunkt hir Demissioun erareechen. Dat war hir awer refuséiert ginn. 

D‘Déif hate Bijouen vun engem geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut.