arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Doud vun nationalisteschem Militant: 11 Persounen an Untersuchungshaft

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No Doud vun nationalisteschem Militant: 11 Persounen an Untersuchungshaft

Eng Woch no der déidlecher Attack op de rietsextreemen Aktivist Quentin Deranque zu Lyon goufe mëttlerweil 11 Persoune vun der Police festgeholl a sëtzen an Untersuchungshaft. Den Drock op d'Lénkspartei LFI wiisst iwwerdeems weider. Déi aner Parteie fuerdere Konsequenzen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Schonn um Dënschdeg waren néng verdächteg Persoune vun der Police ënner Garde à vue gestallt ginn, um Mëttwoch koumen nach zwou Persounen dobäi.

Ënner den 11 Persoune sinn och zwee Mataarbechter vum LFI-Deputéierte Raphaël Arnault. Ee vun hinne soll och um Doudschlag bedeelegt gewiescht sinn.

Rietsextreemen RN fuerdert Konsequenze fir LFI

Den Affekot vum Mann sot gëschter Owend allerdéngs, hie wier zwar bei der Konfrontatioun dobäi gewiescht, awer net un den déidleche Schléi bedeelegt gewiescht. De Raphaël Arnault huet de Mann entlooss. Mee dat geet den anere Parteien net duer.

De Jordan Bardella vum rietsextreemen RN sot den Arnault hätt nach ni eng Plaz an der Assemblée gehat. D’Regierungsspriecherin Maude Bregeon sot d’Partei misst hien elo ausschléissen. 

Bommendroung géint LFI-Parteizentral

De Justizminister Gérald Darmanin huet iwwerdeems gefuerdert, datt Persounen, déi Gewalt encouragéieren, sech net méi solle bei Walen opstellen dierfen. Beim LFI widderspriecht een de Fuerderungen, de Manuel Bompard sot et géing ausser Fro stoen de Raphaël Arnault ze ecartéieren.

D’Kritik un der Partei wéinst hire Liene mat der antifaschistescher Gruppéierung  Jeune Garde hëlt awer net of. Gëschter gouf et och eng Bommendroung géint d’Parteizentral vun LFI.

An engem Bréif heescht et, eng Bomm sollt LFI-Memberen ëmbréngen als Revanche fir de Quentin. Och eng 15 Büroe vun LFI goufen an de leschten Deeg vandaliséiert.

play_arrow Lauschteren