Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Wéinst enger Gehierbluddung: Brasilianesche President Lula op der Intensivstatioun

Brasilien

Wéinst enger Gehierbluddung: Brasilianesche President Lula op der Intensivstatioun

De brasilianesche President Lula Da Silva ass wéinst enger Gehierbluddung an der Klinik. Hie gouf hënt operéiert a läit op der Intensivstatioun.

auto_stories

1 min

Foto: picture-alliance

Dem 79 Joer ale Lula da Silva géif et awer gutt goen. Et wiere keng Komplikatioune ginn, huet d‘Spidol zu Brasilia matgedeelt.

Zënter Mëtt Oktober hat de Lula da Silva Kapp wéi, nodeems hien doheem bei sech gefall war, a sech mam Kapp getuckt hat. Dofir hat hien och schonn de BRICS-Sommet zu Kasan a Russland missten ofsoen.