Radioen

On air

Notturno  |  Willie J Healey - Little Sister

play_arrow Live
search

/ Entwarnung beim Héichwaasser - Eng Fra gouf vun engem ëmgefalene Bam blesséiert

137 Interventioune vum CGDIS

Entwarnung beim Héichwaasser - Eng Fra gouf vun engem ëmgefalene Bam blesséiert

D‘Waasserwirtschaftsamt gëtt Entwarnung: Et besteet keen Héichwaasserrisiko méi. D‘Peegele géifen an deene meeschte Gewässer schonn erëm falen a wieren ënnert der Cote de préalerte.

auto_stories

1 min

Blo Luucht | © picture alliance / SVEN SIMON
Blo Luucht (Foto: picture alliance / SVEN SIMON)

 

Wéinst dem staarke Wand a Ree gëschter Owend war de CGDIS 137 Mol intervenéiert. Iwwer 120 Mol dovu wéinst Beem. Eng Persoun gouf duerch een ëmgefalene Bam schwéier blesséiert, huet de CGDIS matgedeelt. Donieft gouf et Asätz wéinst beschiedegten Diecher an iwwerschwemmte Kelleren.