Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst de Bensinnspräisser geet den Inflatiounstaux weider zeréck

STATEC

Wéinst de Bensinnspräisser geet den Inflatiounstaux weider zeréck

Den Inflatiounstaux geet weider zeréck: De Joresinflatiounstaux ass am Juni vun 2,6 op 2,2 Prozent zeréckgaangen. Op ee Mount gekuckt ass dat eng liicht Baisse ëm 0,1 Prozent.

auto_stories

1 min

Dëse Réckgang wier bedéngt duerch d‘Bensinnspräisser, wéi de Statec matdeelt. Déi sinn am Juni, fir den zweete Mount hannerteneen, gefall. D‘Spritpräisser leien awer nach een hallwe Prozent iwwert der Moyenne vu virun engem Joer.