Radioen

On air

Notturno  |  Alabama Shakes - Shoegaze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SES: Luc Frieden confirméiert d'Delokalisatioun vun Aarbechtsplazen

Indien

SES: Luc Frieden confirméiert d'Delokalisatioun vun Aarbechtsplazen

De Premier Luc Frieden confirméiert an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro, datt de Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES plangt, fir Aarbechtsplazen an Indien ze delokaliséieren. Dat hat d‘Lëtzebuerger Wort d‘lescht Woch gemellt an hat sech op eng Informatioun vum OGBL beruff.

auto_stories

1 min

© Paule Rodesch
Foto: Paule Rodesch

De Lëtzebuerger Staat, deen Actionnaire bei der SES ass, wier doriwwer informéiert ginn, sou de Luc Frieden. D‘Direktioun vun der SES hätt der Regierung awer verséchert, datt de Siège social zu Betzder bleift, an datt Lëtzebuerg och weiderhin e vun de wichtegste Standuerter vum Satellittebedreiwer bleift.