Radioen

On air

Moiesstudio  |  Editioun 7:00

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerch déi reduzéiert Enregistrementskäschte verzicht de Staat op ronn 100 Milliounen Euro

Schätzung vum Enregistrement

Duerch déi reduzéiert Enregistrementskäschte verzicht de Staat op ronn 100 Milliounen Euro

Dës Schätzung huet d’Enregistrementsverwaltung den Deputéierten aus der Chamber-Finanzkommissioun haut presentéiert. De Finanzminister Gilles Roth hat jo beim Budgetsdepot de Mëttwoch ugekënnegt, datt Eegenheemkeefer an Investisseure wärend 9 Méint just d’Hallschent vum Enregistrement solle musse bezuelen.

auto_stories

2 min

Chantier | © Bigstock / Shadowchaser
Foto: Bigstock / Shadowchaser

D’Douanesverwaltung huet der Finanzkommissioun iwwerdeems haut hir Previsioun virgestallt, wat d’Staatsrecetten aus dem Verkaf vun Zigaretten an Tubak ugeet. Dës Recettë solle vun dësem op dat nächst Joer ëm ronn 200 Milliounen Euro klammen, op iwwer 1,6 Milliarden Euro fir 2025. Den Tubak-Tourismus géif ëmmer méi den Tank-Tourismus ersetzen, huet no der Sitzung den LSAP-Deputéierte Franz Fayot kritiséiert.

Déi annoncéiert Erhéijung vun den Accisen op Tubaksproduite wier dofir och keng Mesure géint d‘Fëmmen, mee Lëtzebuerg géif domat méi Recetten an d‘Keess spullen.

Corinne Cahen: Mir brauchen déi Suen

De Previsioune vun der Douanesverwaltung no, déi dem radio 100,7 virleien, sollen d’Recetten aus dem Zigaretten- an Tubaksverkaf am Joer 2028 souguer iwwer 1,9 Milliarden erreechen, also bal eng hallef Milliard Euro méi wéi dëst Joer. Dat wier virun allem “spektakulär” wéinst dem Fait, datt d’Akzisen d’nächst Joer ëm weider 5,5 Prozent wäerte klammen, esou d’DP-Deputéiert a Budgets-Rapportrice Corinne Cahen.

"(...) mir brauchen op där enger Säit déi Suen, mir wëlle Sozialpolitik maachen, mir wëllen an de Bau investéieren, mir wëllen an de Logement investéieren, da brauch een natierlech Suen, Kampf géint d'Aarmut, alles dat, dat kascht. Op där anerer Säit wëlle mer natierlech awer och alles maachen, fir datt d'Leit hei zu Lëtzebuerg, an notamment déi Jonk, net ufänke mat fëmmen, respektiv ophale mat fëmmen."

D’Recetten aus dem Verkaf vu Bensinn an Diesel sollen der Douanesverwaltung no, bis 2026 viru klammen, op dann 884 Milliounen Euro. An de béide Joren dono sollen dës Staatsrecetten zeréck goen, esou déi aktuell Previsioun.

Aktualitéit
Logement
Wirtschaft