Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Schued un enger Turbinn: Cargolux-Maschinn muss 50 Tonne Kerosin ofloossen

"Fuel dumping" iwwert dem Saarland

Wéinst Schued un enger Turbinn: Cargolux-Maschinn muss 50 Tonne Kerosin ofloossen

E Fliger vun der Cargolux huet gëschter 50 Tonne Kerosin iwwer grouss Deeler vun der Pfalz an dem Saarland ofgelooss. Dat hunn déi Däitsch Autoritéiten der Zeitung „Die Rheinland-Pfalz“ confirméiert.

auto_stories

1 min

Cargolux | © picture alliance / M.i.S. | Bernd Feil
Foto: picture alliance / M.i.S. | Bernd Feil

D‘Boeing 747, déi op Johannesburg a Südafrika sollt fléien, hätt deemno scho beim Start e Schued un enger Turbinn gemellt, a wier kuerz no hirem Depart nees ëmgedréint.

Dës Prozedur fir Kerosin ofzeloosse gëtt "Fuel dumping" genannt, a muss gemaach ginn, fir datt de Fliger kuerz nom Start nees lande kann. Anerwäerts wier d'Maschinn ze schwéier. Dësen Oflaf steet awer reegelméisseg och an der Kritik.