search

/ Wéinst Sanéierung vum Haapt-Baseng: Trainingsbaseng fir Fräizäitschwëmmer accessibel

Coque

|
reading time

1 min

Wéinst Sanéierung vum Haapt-Baseng: Trainingsbaseng fir Fräizäitschwëmmer accessibel

Well den Haapt-Baseng vun der Coque am Summer sanéiert gëtt, soll den Trainingsbaseng fir Fräizäitschwëmmer zougänglech sinn. Dat awer just ënner bestëmmte Konditiounen an zu bestëmmten Deeg.

reading time

1 min

© picture alliance / Insidefoto | Andrea Staccioli / Deepbluemedia
(Foto: picture alliance / Insidefoto | Andrea Staccioli / Deepbluemedia)

D'Coque mécht hiren Trainingsbaseng dëse Summer deelweis fir Fräizäitschwëmmer op. Dat geet aus der Äntwert vun der Sportsministesch Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo ervir.

Dee wollt wëssen, ob de 50-Meter-Trainingsbaseng wärend de Sanéierungsaarbechten un der Haaptschwämm och fir d'Ëffentlechkeet kéint opgoen.

Wärend zwou Perioden op

Der Sportsministesch no ass eng Léisung fonnt ginn. Fräizäitschwëmmer kënnen den Trainingsbaseng ënner bestëmmte Konditioune vum 20. Juli bis de 7. August an nach eng Kéier vum 24. August bis den 13. September notzen.

Tëschent dem 8. an dem 23. August bleift de Baseng wéinst den Ënnerhaltsaarbechten zou.