arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Basket Summer Camp zu Diddeleng

Sport

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Basket Summer Camp zu Diddeleng

Zu Diddeleng am sougenannte Barça Camp trainéiere jonk Basket-Talenter tëschent 7 an 18 Joer eng Woch zesumme mam FC Barcelona. 115 Spiller:innen vum T71 Diddeleng an och aus dem noen Ausland léieren hei nei Taktiken a Spillmethoden an deelen hir Passioun mat de spuenesche Profien.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© FC Barcelona Camp
(Foto: FC Barcelona Camp)

De Basket Summer Camp vum FC Barcelona, déi op siwenter Plaz an der Euro League stinn, konzentréiert sech all Dag op eng spezifesch Kompetenz, wéi zum Beispill d’Feldopdeelung, Spilltaktik oder Passen. Den Elio a seng Kolleege fannen, datt si scho vill bäigeléiert hunn an de leschten Deeg. 

“Perfekt Passen, Distanz, gréng a rout Schëss”

Eng aner Spillerin fënnt et nieft dem Training och flott nees seng Kolleegen erëm ze gesinn. 

Ma och fir d’Trainere vum T71, déi de Camp encadréieren, ass et eng Méiglechkeet nei Inspiratioun fir d’Trainingen an d’Approche um Feld matzehuelen. Initiéiert gouf dat ganzt vum FC Barcelona, déi sech all Joers Plaze raussiche fir hire Summer Camp unzebidden.

Den T71 konnt mat senger Infrastruktur an dem Personal iwwerzeegen, esou datt d’Virbereedunge virun engem Joer gestart hunn. D’Christina Soriano, Coordinatrice vun den Headcoachen vun der Barça Academy erkläert, datt dëse Projet méi ass ewéi just Sport: 

“We show them the way we understand Basketball, the way we think in the court and outside the court."

Genau esou wichteg wieren awer och déi mënschlech Valeuren am Sport, esou d'Christina Soriano. 

Fir déi méi jonk Spiller a Spillerinnen, wier de Camp ufanks relativ iwwerfuerderend gewiescht. Dat well d'Traineren aus Spuenie mat hinnen op englesch schwätzen. Mat der Hëllef vun de lokalen Traineren hätt een awer séier grouss Fortschrëtter gesinn.

Den Tom Schumacher vum T71 Diddeleng betount, datt nieft dem Training de Summer Camp de Kanner a Jugendlech virun allem Spaass soll maachen.

play_arrow Lauschteren