Déi meescht vun de Renvoie waren, well d'Schüler:inne vill non-excuséen haten, also gefeelt hunn ouni valabel Excuse, wéinst Gewalt oder wéinst schlëmme Beleidegungen.
Zënter dem Schouljoer 2021/2022 sinn am Ganze bal 1.100 Secondaires-Schüler aus der Schoul gehäit ginn. Just 77 dovun hunn e Recours géint déi Decisioun gemaach an an 23 Fäll gouf d‘Decisioun vum Conseil de discipline vum Lycée vum Ministère annuléiert.