Am Freidegnomëtteg konnten déi Jonkt tëschent 13 an 30 Joer an engem Debat an der Plenière den Deputéiert hir Fuerderungen duerleeën.
Méi informéiert, manner Vertrauen
Jonker hätten d’Gefill, datt d'Politik immens wäit ewech wier, esou de Constat vum President vum Jugendrot, dem Liam Bremer, nom dësjärege Konvent.
Engersäits wiere Jonker zwar besser iwwer Politik informéiert, wéi villäicht nach virun 20 Joer. Anerersäits hätten se awer och manner Vertrauen an dee politesche Prozess.
"Ech mengen de Constat, datt d'Confiance an d'Demokratie e bësse verschwënnt, dat ass net ganz nei. Mee oft ass et dann, datt d'Politik selwer doriwwer diskutéiert, wéi een dat da remediéiere kann. Mee schlussendlech kann d'Léisung nëmme vun deene Jonke selwer ausgoen."
D'Sozial Medie ginn net richteg genotzt
De Vertrauensverloscht an d’Demokratie géif engersäits duerch déi sozial Medie verstäerk ginn, well dës immens polariséieren, esou de Jugendrot.
Op der anerer Säit gesinn déi Jonk awer och eng Chance heiran.
"(...) well se och Jonken a generell einfach der Bevëlkerung d'Méiglechkeet gëtt, fir nach méi einfach hir Meenung auszedrécken, wat dann natierlech am Sënn ass vun engem vun den demokratesche Prinzippie vun der fräier Meenungsäusserung."
Déi Jonk bedaueren awer, datt d'Politiker dacks net iwwer déi Plattforme kommunizéieren, op deen si aktiv sinn. Hei kéint d'Politik een Effort maachen, soen si.
D'Chamber an der Schoul
Nieft dem fakultative Walrecht ab 16, fuerdert de Jugendrot ënner anerem och méi finanziell Ënnerstëtzunge fir Kanner déi an Aarmut liewen, awer och verpflichte Visitten an de Schoule vun der Chamber. Esou wéi eng Fräistellung vun der Schoul.
"(...) fir datt se d'Méiglechkeet hunn och fir vun de pädagogeschen Offeren oder vu Jugendorganisatiounen ze profitéieren, déi villläicht net an der Schoul selwer agéieren."
Esou de President Liam Bremer.
De Jugendrot ass den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen a regroupéiert 35 Organisatiounen.