Grad d’Handyverbuet ass bei de Schüler ufanks net esou gutt ukomm.
"Also ech fannen et ass e bëssen iwwerdriwwen. An eisem Lycée ass et ganz streng. Si wëllen aféieren, datt mir missten d'Gebai verloossen, fir den Handy ze benotzen. Bon, den Handy soll net komplett verbuede ginn, mee ech mengen, datt eng Limitt gutt ass, zemools fir déi méi jonk."
Nees méi matenee schwätzen, erëm méi spillen an der Paus: Dem Bildungsminister Claude Meisch war déi intensiv Handy-Notzung am Schoulalldag een Dar am Aen.
"Et ass net d'Technik, déi mir als solch verdäiwelen, mee et ass eng exzessiv Notzung, eng schlecht Notzung vun der Technik."
Den Ufank huet de Fundamental gemaach. Zënter Abrëll bléift den Handy doheem oder ausgeschalt am Rucksak. Eng nei Mesure, déi integral fir all d’Schoule gëllt.
Déi physesch Distanz mécht den Ënnerscheed
Fir d’Lycéeën huet de Ministère keng landeswäit Reegelung ausgeschwat, mee festgehalen, datt eng physesch Distanz tëschent Handy a Schüler am Cours muss garantéiert sinn.
"An dat heescht net nëmmen, datt en ënner der Bänk ass, mee dat heescht, datt eng physesch Distanz tëschent dem Schüler a sengem Smartphone muss ginn. Dat heescht och, datt en net an engem “Handy-Hotel” nieft der Tafel hänkt, well anscheinend esouguer - dat weise wëssenschaftlech Etüden - eleng de visuelle Kontakt erëm eng Kéier oflenkt."
Den Educatiounsministère proposéiert fir de Secondaire dräi Stufen. Hi vun engem kompletten Handyverbuet an der Enceinte vum Lycée fir all d’Schüler, bis zu enger punktueller Distanz, jee no Klass a Plaz.
Modell 2 fir de Réidener Lycée
Zu Réiden am Atert Lycée huet ee sech fir den Niveau 2 entscheet, wéi den Directeur adjoint Alexis Schloesser erkläert. Dat wier de mëttelste Wee vun den dräi Modeller, déi den Educatiounsministère proposéiert huet.
"De Modell 2 bedeit konkreet, datt ee kee kompletten Handyverbuet mécht am Gebai, an awer den Handy an de Klassesäll verbitt. Dat wier jo just Modell 1. Beim Modell 2 kënnt deem nach dobäi, datt extra Mesuren ergraff ginn, wéi zum Beispill Saachen, déi mir schonn am Virfeld haten."
Notamment hätt et schonn am Virfeld Beräicher ginn, wou keen Handy dierft benotzt ginn. Déi Beräicher huet de Réidener Lycée elo ausgebaut, esou den Alexis Schloesser.
Am Gank soll de Handy awer accessibel bleiwen
Ënner dës Beräicher falen zu Réiden beispillsweis d'Bibliothéik, de Sportberäich an zënter Päischten och d’Kantin. D’Schüler:innen aus dem Atert Lycée hunn heizou gemëschte Gefiller.
"Ech fannen dat vill méi praktesch, well da kënne mir méi séier iessen, well d'Leit soss sëtzen. Zone fannen ech gutt sou. Also an der Kantin an an der Klass an déi handyfräi Zon bei der Bibliothéik. Ech mengen, dat geet duer. Also wa mir elo och hei am Gank näischt méi dierfte benotzen."
Mee net nëmmen Handye stoungen am Viséier: Fir d'Bildschiermnotzung insgesamt ze reduzéieren, gëllen zënter der Rentrée och fir d’Tabletten nei Reegelen. All Schüler:in bréicht een iPad a géif och ee kréien.
"D'Jugend sollt am Lycée léiere mat der digitaler Welt ëmzegoen. Elo gëtt awer eng 180 Grad d'Kéier geholl oder op mannst gëtt eng Vollbremsung gemaach. Screen-Life-Balance ass dat neit Stéchwuert."
D'Zil wier ee verstännegen Ëmgang mam Ecran an dofir huet den Educatiounsministère en neit Konzept ausgeschafft. Den iPad soll, grad wéi den Handy, manner genotzt ginn.
A wéi ass et mam iPad?
Och hei proposéiert de Minister dräi verschidde Modeller. Den I-share, I-class oder mydevice Model. Verschidde Lycéeën haten am Virfeld ugedeit, datt si iwwerfuerdert waren, mat der Ausschaffung vun engem néie Mediekonzept fir I-Paden.
An och bei der Ëmsetzung sinn et Schwieregkeete ginn. Den Haaptgrond fir d’Ännerunge bei der iPad Notzung an der Schoul wier, datt ee virun allem op Schüler:innen am Alter tëschent 12 a 15 Joer besser am digitale Raum misst oppassen, esou de Lex Folscheid, éischte Conseiller am Educatiounsministère.
En éischte Bilan
Wat d’Handyverbuet ugeet, zitt de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL am Hierscht en éischte Bilan.
An de Lycéeën, déi e komplett Handyverbuet agefouert hunn, géif ee mierken, datt d’Schüler:innen däitlech méi sozial Interaktiounen hätten. Den SEW/OGBL kritiséiert awer, datt et fir de Secondaire keen nationaalt Konzept géif ginn.
Wéi déi nei Reegelungen am Kader vun der Screen-Life-Balance bei de Schüler, Enseignant an och bei den Eltere laangfristeg ukommen, a wéi se de Schoulalldag verännert, wäerten déi nächst Méint a Jore weisen.