Mat de Jore krut den IFSB ëmmer méi Zoulaf. D'lescht Joer sinn 8.476 Leit déi am Bausecteur schaffen, dohin an eng Formatioun gaangen, erkläeren d'Direktere vum Institut, Alexis Sikora a Patrick Nemry.
D'Coursen déi ugebuede gi reeche vu verschiddenen Techniken um Bau, iwwer den Ëmgang mat schwéiere Maschinne bis hin zu Saachen Organisatioun a Sécherheet op engem Chantier. Och d'Energietransitioun huet eng grouss Valeur.
D'Realitéit erëmspigelen
Am IFSB gëtt et zum Beispill e Bagger-Simulator. Domat kann zum Beispill geüübt ginn, d'Chargementer sou effizient wéi méiglech duerchzeféieren an doduerch den CO2 Austouss ze reduzéieren. Den Instructeur vum Bagger-Simulator, Fabrice Remlinger, betount, datt et awer och drëms geet, d' Leit an engem sécheren Ëmfeld, op d'Risiken opmierksam ze maachen.
Am Vierdergrond vun de Formatioune vum IFSB sti virun allem déi praktesch Kompetenzen. Déi reell Chantierskonditiounen sollen sou gutt et geet simuléiert ginn. Dofir gëtt et nieft dem Bagger-Simulator och eng gréisser Surface op der eng ganz Rei verschidde Chantiere simuléiert an trainéiert kënne ginn.
Energietransitioun am Bausecteur
Zanter 15 Joer gi Coursen ugebuede fir de passiv Bau an d'Energieeffizienz. Mëttlerweil geet et awer och drëms, de Leit e méiglechst déiwen CO2 Verbrauch bei hirer Aarbecht méi no ze bréngen. Déi Formatioune riichten sech awer net just un d'Aarbechter, mee un alleguer d'Acteuren aus dem Secteur, betount de Patrick Nemry.