De Claude Frisoni ass zu Knutange, a Frankräich, am Dräi-Länner-Eck op d‘Welt komm. Hien ass zu Villerupt grouss ginn, no sengem Lycée zu Lonkech huet en Droit a Scienes economiques zu Nanzeg studéiert. Fir dono da praktesch vun Ufank un säi Liewen an der Kultur ze liewen.
E Luxus seng Zäit selwer ze geréieren
Zanter 2013 ass de Claude Frisoni an der Pensioun. An et ass richteg, seet hien, wéi allgemeng gesot gëtt, datt een an der Pensioun manner Zäit huet wéi virdrun. An wann een da bedenkt, mat deem wat en haut alles mécht wann hien dann nach misst 6, 8 oder 10 Stonne vun engem Schaffdag derbäi rechnen, wéi huet een dat dann am Beruffsliewen nëmme gemaach? Mee, dee groussen Ënnerscheed an der Pensioun ass awer d’Fräiheet seng eegen Zäit ze geréieren.
“Et si on prend beaucoup de tâches sur le dos, certains font du bénévolat, bon moi je continue d’avoir des activités créatrices, on le fait quand on veut, si on veut et on choisit ses thèmes, on choisit ses sujets, on choisit ses engagements. La grande différence c’est la liberté, mais c’est vrai, parfois on manque de temps.”
Eegen Zäit ze hunn ass e Luxus
Als en absolutte Luxus gesäit de Claude Frisoni eben d’Gerance vu senger eegener Zäit. Och wann et awer nach heiansdo wéinst Obligatiounen, Contrainten oder Rendez-vouse gewësse Limitatioune ginn.
“Mais par rapport à l’époque où on se doit d’être là à tel heures, de partir à telles heures, ça fait un profond bouleversement et peut-être ça donne une possibilité de donner plus de qualité encore à ce qu’on accepte de faire.”
Pensioun kann en Drama oder eng grouss Freed sinn
De Claude Frisoni seet, datt fir Mënschen, déi just fir hir Aarbecht gelieft hunn, d’Pensioun e richtegen Drama kéint ginn. Fir anerer ass et eng grouss Freed, wëll hirt Beruffsliewe si net erfëllt huet. Beim Claude Frisoni ass dat anescht. Hien hat als Direkter vum Centre culturel et de Rencontre Neimënster dee schéinste Beruff vun der Welt an kee Mënsch ka sech virstelle wat deen Job him bedeit huet.
“Mais, dire maintenant, je pose les valises, je pars faire ce que je veux quand je veux, c’est un véritable luxe, tout en relativisant les choses, en disant c’est quand même la dernière étape dans la vie.”
An do kënnt dem Claude Frisoni dann och e bëssen e béise Witz an de Kapp
“Retraité est le métier le plus dangereux du monde, personne n’en est jamais ressorti vivant.”
D’europäescht Kulturjoer 1995
No der Demissioun vum Coordinateur vum Kulturjoer 1995 Guy Wagner huet de Claude Frisoni d’Koordinatioun iwwerholl. Nach haut war et fir hien eng grouss Chance an e grousst Erliefnes bei “1995” dobäi gewiescht ze sinn. Och wann hien zimmlech iwwerdubbert gouf.
Hie war grad am gaangen d’Pressekonferenz fir d’Kulturjoer am Kapuzinertheater ze preparéiere wou en Telefon vun der delegéierter Kulturministesch Marie Josée Jacobs krut.
D‘Ministesch wollt wësse wéi vill Still de Claude Fisoni fir d‘Pressekonferenz ronderëm den Dësch gestallt huet, et waren der Zwielef, wat der Marie Josée Jacobs net duer gaangen ass.
“Monsieur Frisoni, il en faudrait une treizième. J’ai dit pour qui, pour Judas. Elle me dit Non, pour le coordinateur. Je dis vous en avez trouvé un, c’est génial. Ce n’est pas indiscret, de demander qui c’est? Elle me dit: Non, non. C’est pas indiscret, c’est Vous! Je fais un silence, mais Madame la ministre, je ne suis pas candidat. Elle me dit, je sais bien, mais ça ne fait rien.(..) Je dis, Madame la ministre j’ai combien de temps pour réfléchir. Elle me dit, Frisoni, vous avez cinq minutes pour dire: Oui! Alors j’ai dit on va économiser les cinq minutes, je suis très honoré et flatté, je ferai de mon mieux et c’est comme ça que ça a démarré.”
D’Rolling Stones an eng Fläsch Chateau Pétrus
De Claude Frisoni hat mat dem Engagement vun de legendäre Rolling Stones an hirer “Vodoo Louge Tour” 1995 e grouss Coup gemaach. De Rolling Stones hire Concert zu Athen gouf deemools annuléiert, an dat war d’Chance fir si op Lëtzebuerg ze kréien. Eng vun de Konditioune war datt d’Stones d’groussherzoglech Famill wollte begéingen.
De Claude Frisoni huet den Haff kontaktéiert an den deemolege Prënz Henri, haitege Grand Duc war d’Accord. An et koum do zu enger Renconter vun der aktueller groussherzoglecher Koppel an dem Coordinateur general vun 1995 mam Mick Jagger.
“Mick Jagger nous a accueilli et c’est lui qui nous a servi à boire et c’était un “Chateau Pétrus”. Jagger était sur un nuage quand il serrait la main du Grand-Duc héritier, c’est fou!”