Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider intensiv Kämpf an der Gazasträif

No-Ost-Konflikt

Weider intensiv Kämpf an der Gazasträif

Zwee Méint si mëttlerweil scho vergaangen zënter der bluddeger Attack vun der Hamas op Israel, an och der brutaler Äntwert déi drop koum. Och haut goufen intensiv Kämpf aus der Gazasträif gemellt, souwuel aus dem Norden ewéi och verstäerkt aus dem Süden.

auto_stories

1 min

D‘Palestinenser wëssen antëscht net méi, wou se nach Schutz siche kënnen. An der Stad Rafah, un der Grenz mat Ägypte sinn aktuell esou vill Leit, datt et weder Liewensmëttel, nach genuch Drénkwaasser oder Stroum gëtt, mellt d‘BBC.

Op palestinensescher Säit solle bis elo iwwer 17.000 Mënschen ëmkomm sinn, heescht et vum palestinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt. 70% dovu wiere Fraen a Leit ënner 18 Joer. Sechs Doudeger hätt et och nees bei Zesummestéiss wärend enger Razzia vun der israeelescher Arméi am besate Westjordanland ginn, dorënner e 14 Joer ale Jong, annoncéiert de Ministère.

Op israeelescher Säit gouf et de Mueren och nees Rakéitenalarm. D‘Attacken aus der Gazasträif géifen an Tëscht awer däitlech ofhuelen, hunn israeelesch Medie gemellt.