D‘Lëscht mat den Nimm vun de 4 Geisele wier scho gëschter un d‘israeelesch Autoritéiten iwwergi ginn. Et géif sech heibäi ëm 4 Zaldotinnen handelen, déi bei der Attack vun der Hamas viru 15 Méint gekidnappt goufen.
Fir hir Fräiloossung sollen eng 100 palästinensesch Prisonéier aus israeelesche Prisonge fräikommen.