De Guy Bley, Haut-Commissaire à la sécurité nationale, erkläert wéi eng Moossnamen een ergraff huet fir déi Leit, esou gutt et geet virun der Hëtzt ze schützen.
"Ech weess, datt do verschidden Diskussioune sinn, fir verschidden Tenuë vläicht e bësse méi liicht ze maachen, awer och de Corps dee generell ze adaptéieren, och en Vue vun den Temperaturen, déi eeben annoncéiert sinn. Doniewent wäert och sécherlech den Dispositiv sinn, wat virun allem d'Drénke vu Waasser ubelaangt, datt d'Leit ëmmer genuch Waasser hunn an datt och genuch Secouristen do sinn, falls mol engem géif schlecht ginn."
Muppe mussen net an d'Sonn
Mee net nëmmen op d'Mënsche passt ee bei där Hëtzt op, wéi de Guy Bley erzielt.
"Mengen Informatiounen no ass et virgesinn, datt d'Hondsstaffel dëst Joer net géif matgoen. Och fir den Déieren dat net unzedinn, datt se do mat iwwert d'Strooss musse goen."
D'Leit déi kucke komme solle sech natierlech och liicht undin, a gutt oppassen. Virun allem genuch ze drénken ass wichteg. Do géif d'Stad awer probéieren de Leit entgéint ze kommen.
"Mee wat virun allem flott ass, dat ass d'Stad Lëtzebuerg huet organiséiert, datt iwwerall och Punkte sinn, wou ee gratis ka Waasser kréien, wou ee soll och dann dovunner profitéieren a sou vill wéi méiglech Waasser zou sech ze huelen."
D‘Cellule d'évaluatioun kënnt iwwerdeems e Méindeg de Moien nach emol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.