Fir Leit ouni Daach iwwer dem Kapp bei der Hëtzt ze hëllefen, verdeelt d'Stëmm vun der Strooss Sonnecrème, Kapen, an huet och eppes virgesi fir d’Hydratatioun. Allerdéngs sinn déi Déngschter um Weekend net iwwerall besat.
Net all Struktur ka 7 Deeg op 7 op sinn
D’Waasserdrénken an de Schutz virun der Sonn ass mat dësen héijen Temperaturen déi éischte Suerg vun der Organisatioun Stëmm vun der Strooss. Grad ewéi am Wanter heescht et elo ze handelen. Allerdéngs sinn déi Strukture wou d’Leit am Dag kënnen empfaange ginn zu Ettelbréck an an der Stad net 7 Deeg op 7 op, erkläert d’Alexandra Oxaceley d’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
"Elo dëse Weekend zum Beispill wär et ideal gewiescht, wa mer hätte kënnen op sinn. Dëse Weekend ass awer ee vun deene Weekender, wou mer zou sinn. Déi eenzeg Plaz, wou mer op sinn, dat ass zu Esch. Säit dem Ufank vum Joer si mer frou datt mer 7 Deeg op 7 kënnen op sinn an datt mer Mueres kënne Kaffi zerwéieren an an der Mëttesstonn eng Molzecht a Mëttes ee Lunchpak fir datt d’Leit kënnen Owes eppes iessen."
Laanscht eng Klimatiséierung vun de Strukture kënnt ee wuel net
Wat awer maachen d’Leit wärend dem Dag wann se hir Nuetsfoyere verloossen? Si kënnen an deene Strukture sinn, wann se op hunn, a fannen aner Méiglechkeeten.
"Si hale sech an de Busser op, an den Trammen, an den Zich, an den Entréeë vun de Wunnengen, an de Parken. Wat mer och mierken dat ass, datt se immens nervös sinn, immens aggressiv sinn an dat huet dann net onbedéngt eppes domat ze sinn, mat deene Substanzen déi se huelen, mee wierklech mat de Wiederkonditiounen."
Misst een dann net déi Strukture fir Obdachloser klimatiséieren? Dat wier eng Fro vu Finanziellen Investissementer.
"Mir sinn ëmmer op de Punkt komm, datt et ee grousst Investissement ass, et wier natierlech machbar, et ass kee Problem fir ze klimatiséieren, mee et muss een einfach decidéieren, wëlle mer et maache fir déi puer Deeg am Joer wou et sou waarm ass. Mee ech menge mir wäerte mussen op dee Wee goen."
D’Alexandra Oxaceley mécht iwwerdeems dorop opmierksam, datt op Nationalfeierdag déi Strukturen och zou sinn. Och déi Fro vun den Urgence-Situatioune misst ee sech an Zukunft stellen.
Net nëmme vulnerabel Leit mussen oppassen
D’Santésdirektioun lancéiert iwwerdeems den Appell fir sech virun der Hëtzt an virun der Sonn ze schützen.
Wéinst där aussergewéinlecher Situatioun géifen et generell Gesondheetsgefore ginn, an dat net nëmme fir vulnerabel Mënschen. Besonnesch misst een awer op eeler Leit, Mënsche mat enger Behënnerung, oder mat psychesche Problemer, a kleng Kanner oppassen.
Eng gréisser Problematik ass d’Deshydratatioun. Verschidde Symptomer weisen drop hin, datt een eventuell een Hëtzschlag huet. Dat kënne sinn:
héije Féiwer iwwer 40 Grad
waarm, rout an dréchen Haut
Kappwéi an/oder Middegkeet
Konfusioun oder schwaach falen
Fir där Problemer ze evitéieren, soll een:
Op d'mannst annerhallwe Liter Waasser den Dag drénken
Tëschent 11 Auer Moies an 9 Auer Owes net an d’Sonn goen
Alles maache fir ze verhënneren, datt d’Hëtzt an d’Wunneng erakënnt
Liicht Kleeder undinn
Sech do ophalen, wou et kill ass, ewéi an engem Supermarché
Sech e puer Mol am Dag mat Waasser ofkillen, beispillsweis duerch duschen oder ee Waasserspray ze benotzen
Hei fannt der déi aktuell Recommandatioune vun der Santé am Detail