Vun e Méindeg u kéint déi gefillten Temperatur bei 39 Grad leien. An deem Kader ass en Dispositif fir eeler Leit iwwer 75 Joer virgesinn. Do si Visitte bei de concernéierte Persoune virgesinn, déi sollen deemnächst ulafen, esou d‘Santé.
Leit, déi dorënner falen, an déi bis elo nach net registréiert sinn, kënnen sech nach aschreiwen. Dat geet och iwwer d‘Croix Rouge. Dat gëllt fir Leit iwwer 75 Joer, déi eleng liewen an déi keng Hëllef vun der assurance dépendance kréien, heescht et am Schreiwes.
Viraussiichtlech laang Hëtztwell
Wéinst den héijen Temperaturen, déi fir déi nächst Deeg gemellt sinn, ass och net ausgeschloss, datt de Rekord vum Mount Juni, dee bei 35,4 Grad läit, an deenen nächsten Deeg gebrach gëtt. Dat sot de Meteorolog Luca Mathias de Moien am 100,7-Interview. Wat bei dëser Hëtztwell am aussergewéinlechste wäert sinn, wier awer hir viraussiichtlech Dauer.
Iwwer de gréissten Deel vun der nächster Woch soll et bei Temperature vun iwwer 30 Grad bleiwen.
Nuets net ënner 20 Grad
Dobäi kënnt, datt et net nëmmen daagsiwwer immens waarm bléift, erkläert de Luca Mathias.
“An dësem Fall kann een definitiv vun enger Canicule schwätzen, vue dass mir mat méi wéi dräi Deeg hannereneen Héchst-Temperaturen oder eng Hëtzebelaaschtung hunn, déi immens markant ass, elo och ab der nächster Nuecht, an déi Nuechten drop, klëmmt och d'Warscheinlechkeet, dass mir op ville Plazen a Land Tropenuechte wäerten hunn. Dat heescht, dat sinn Nuechten, wou d'Minimumtemperatur dann net ënner 20 Grad wäert falen.”
Bei dësen héijen Temperature gëtt recommandéiert op d’mannst annerhallwe Liter Waasser ze drénken a sech esou mann wéi méiglech dobaussen opzehalen.