arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk fuerderen eng kohärent Klimapolitik vun der Lëtzebuerger Regierung

No UNO-Resolutioun

|
reading time

1 min

Déi Lénk fuerderen eng kohärent Klimapolitik vun der Lëtzebuerger Regierung

Lëtzebuerg huet hënt eng wichteg UNO-Resolutioun matgestëmmt, an där d‘Länner rechtlech verflicht ginn, géint de Klimawandel virzegoen. Aus Lëtzebuerger Siicht wier et elo wichteg, och ze handelen, esou déi Lénk an engem Communiqué.

reading time

1 min

D‘CSV-DP-Regierung hätt de Klimaschutz bis elo als politescht Stéifkand behandelt, esou déi Lénk. De Luc Frieden wéilt eng Klimapolitik maachen, déi keen nervt. 

Dës Resolutioun zwéngt d‘Länner elo, den Emwelt- a Klimaschutz nees eescht ze huelen. Déi Lénk erwaarde vun der Regierugn, datt si elo handelt an d‘Investitiounen an de Klima- an Emweltschutz massiv eropzesetzen. 

E Grupp vun aacht Länner, dorënner d‘USA, Russland, Saudi-Arabien an Israel, hunn iwwerdeems géint déi Resolutioun gestëmmt.