arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun de Mëtteg 12:00 Auer u gëllt eng rout Alarmstuf: An de Schoule gëtt sech ugepasst

Hëtztwell

|
reading time

6 min

Vun de Mëtteg 12:00 Auer u gëllt eng rout Alarmstuf: An de Schoule gëtt sech ugepasst

Déi extreem Temperature solle bis e Freideg gëllen, esou de staatleche Wiederdéngscht Meteolux. Haut kënnen et bis zu 38 Grad ginn. Meteolux schwätzt vun engem extreemen Hëtzstress, och nuets soll et nämlech net signifikativ ofkillen.

reading time

6 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Et gëllt de Message, säi Verhale virun allem am Fräien un déi héich Temperaturen unzepassen. Ënner anerem sollt ee vill Waasser drénken a physesch Aktivitéiten dobausse vermeiden. 

Um Weekend scho 40 Prozent méi Asätz

De CGDIS huet d'Ekippe vun de Rettungsdéngschter verstäerkt fir d'Sécherheet ze garantéieren. Et hätt een elo mol 25 Prozent méi Effektive mobiliséiert. Op där enger Säit, well fir den Ament ganz vill Manifestatioune wieren, esou de CGDIS-Direkter Paul Schroeder am 100,7-Interview

"Duerch déi Augmentatioun vun der Temperatur, datt mir mat méi Asaz rechnen, 25 bis 50 Prozent zu normalen. Dat ass gëschter och schonn agetraff, iwwer de Weekend, wou mir schonn eng Augmentatioun vu ronn 40 Prozent festgestallt hunn"

Ana Angel  | © Ana Angel
Paul Schroeder CGDIS (Foto: Ana Angel)

Hëtzt: Kann eng Gefor si fir jiddereen

Am 100,7-Interview erkläert den Direkter vun der Santésdirektioun, de Jean-Claude Schmit, datt et zwar fir den Ament nach roueg ass an de Spideeler, mee datt bei Hëtzt dacks d'Problemer eréischt e puer Deeg méi spéit optauchen. 

"Da kënnt ee gewëssenen Epuisement vum Kierper bei verschiddene Leit, déi méi vulnerabel sinn. An et ass eigentlech dee Moment wou mir gesinn, datt Leit méi an d’Urgencë ginn oder méi hospitaliséiert ginn. Dat heescht, am Moment ass et roueg, mir sinn awer ganz opmierksam."

Déi héich Temperature kéinten eng Gefor fir jidderee sinn. Dobäi misst tëschent zwou verschiddene Saachen differenzéiert ginn, esou de Jean-Claude Schmit. 

"Dat eent ass déi akut Symptomer, Hëtzschlag. Dat ka jidderengem passéieren, wann een ze laang dobaussen an der Sonn ass bei héijen Temperaturen. Da gëtt et engem schlecht, et gëtt engem iwwelzeg, de Bluttdrock schwankt. Et fillt ee sech net gutt an et kann ee Féiwer maachen." 

Déi aner Gefor wier méi chronesch, esou de Santésdirekter. 

"De Stress, deen d'Hëtzt op de Kierper mécht bei vulnerabele Leit, wéi bei eelere Persounen, déi chronesch krank sinn. Dat mécht, datt ee gewëssene Moment déi Leit decompenséieren an da kann et zu Komplikatioune kommen an eventuell och zum Besoin déi Leit ze hospitaliséieren." 

D'Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations CERI hat e Samschdeg schonn déi rout Warnung vun haut un ausgeruff, an dat fir déi ganz Woch, op d'mannst bis e Freideg. D'Cellule kënnt de Moien nees zesummen. Si huet een Operatiounsposten am nationale Krisenzenter zu Senneng en place gesat, fir méiglech Asätz ze koordinéieren. 

Bei Hëtzt vill drénken: Grad fir eeler Leit ass dat bei deem Wieder enorm wichteg. | © EPA/STEPHANIE LECOCQ
Bei Hëtzt vill drénken: Grad fir eeler Leit ass dat bei deem Wieder enorm wichteg. (Foto: EPA/STEPHANIE LECOCQ)

Wéi ginn d'Schoule mat der Hëtzt ëm?  

Den Educatiounsministère sot eis de Moien op Nofro hin, datt 31 Grondschoule wéinst der Hëtzt haut Amenagementer virgesinn hunn. D‘Kanner kéinten éischter heem goen, en Accueil géif awer assuréiert ginn.

Ënner de Gemengen, wou de Mëtteg keng Schoul ass, sinn Diddeleng, Rëmeleng, Keel, Gréiwemaacher, Réiser, Jonglënster a Conter. Zu Iechternach ass Schoul, mee d‘Coursë ginn ugepasst, d‘Kanner géife Filmer kucken, esou d‘Gemeng.

Aus der Haaptstad gëtt et bis elo keng offiziell Kommunikatioun, wat d‘Schoulen ugeet. De Stater CSV-Schäffe Paul Galles seet haut am Wort, datt all d‘Schoulpresidenten an Enseignanten an der Stad Recommandatioune kruten, wéi si an hire Schoule mat Hëtzt kënnen ëmgoen, zum Beispill kéinte si a méi kill Säll wiesselen.

Den Educatiounsministère hat d‘lescht Woch scho matgedeelt, datt et kee generellt Schoulfräi gëtt, well all Gebai ënnerschiddlech ass an dofir kënnen d'Gemengen Dispense ginn.

Fir d‘Lycéeë gouf den Educatiounsministère eng Instruktioun eraus, fir wärend der Canicule opzepassen, datt d‘Prüfungssituatiounen an adequate Konditioune kënnen oflafen. Dat kéint vu Gebai zu Gebai ënnerschiddlech sinn. Eng Adaptatioun, déi d‘Lycéeë virhuele kéinten, wier zum Beispill, datt Prüfungen op moies verluecht géife ginn.

Ganz kleng Kanner wieren iwwerdeems héich vulnerabel, esou de Jean-Claude Schmit. 

"Do ass de Risiko d'Deshydratatioun. Dat heescht, déi mussen natierlech genuch drénken." 

Beispillsweis kéint méi Waasser an de Biberon gemëscht ginn. Natierlech sollte kleng Kanner och net der Sonn exposéiert sinn, esou nach de Santésdirekter.

Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag

D‘Hëtzt huet dann och en Afloss op d‘Feierlechkeete ronderëm Nationalfeierdag. Och do hunn eng Partie Gemengen de Programm vun de Festivitéite geännert.

An der Stad ass bis elo alles, wéi et geplangt war. Fir Nationalfeierdag selwer goufen awer eng Rei Mesuren ergraff.

De Jean-Claude Schmit betount am 100,7-Interview, datt vulnerabel Leit am beschte sollen doheem bleiwen. Och owes géif et nämlech nach waarm bleiwen. 

"Fir de CGDIS ass een normalen Nationalfeierdag schonn eng Situatioun, wou se ganz vill Aarbecht hunn. Wann elo d'Hëtzt dobäikënnt, kéint de Punkt kommen, wou se un hir Limitte géife kommen, d'Spideeler un hir Limitte kommen. Dat wëlle mir natierlech evitéieren. Dofir den Appell un déi Leit dann éischter doheem ze bleiwen." 

Wéi de Guy Bley, de Commissaire à la Sécurité nationale, am 100,7-Interview sot, wäerten d‘Tenue wärend der Militärparad ugepasst kënne ginn. An et gëtt och dofir gesuergt, datt jidderee genuch Waasser huet. Och op d‘Hënn soll bei der Hëtzt opgepasst ginn, sot de Guy Bley, dëst Joer soll d‘Hondsstaffel net beim Defilé matgoen.

Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. | © picture alliance/dpa | Jens Kalaene
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. (Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene)

An den Nopeschlänner ass d'Situatioun änlech 

Och an de Nopeschlänner gouf d‘Hëtztwell nach méi intensiv. A Frankräich gëllt déi maximal Warnung rout haut fir 49 Departementer, also bal d‘Hallschent. 35 Millioune Leit si betraff. Et gëtt domat gerechent, datt haut dee wäermsten Dag zënter den Opzeechnungen a Frankräich kéint gemooss ginn. 

D‘Canicule huet e massiven Impakt op d‘Schoulen. Eng 845 Schoulen a Kolléischer a Frankräich bleiwen haut zou an 1.800 anerer hunn hir Horairen ugepasst, esou France Info.

Den Zuchverkéier ass och staark perturbéiert. Déi franséisch Bunn SNCF huet vulnerabele Leit haut geroden, wa méiglech keen Zuch ze huelen. Zënter e Freideg goufen Dosenden Zich a Frankräich annuléiert.

Iwwerdeems ass a Frankräich op ville Plazen den Alkoholkonsum dobausse verbueden.

Hëtzt an Alkohol géife sech net gutt verdroen, esou de Jean-Claude Schmit. 

"Den Alkohol favoriséiert d'Deshydratatioun. (...) Dat heescht och den Appell natierlech un d'Leit gemässegt mam Alkohol ëmzegoen an dann op där anerer Säit och genuch Waasser ze drénken."

Eng Fläsch Waasser sollt een dofir dobäi hunn, esou de Jean-Claude Schmit.