Radioen

On air

9 bis 1  |  Bobby Oroza - The Otherside

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wéi sécher ass déi jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg?

Ëmmer méi Aggressiounen

Wéi sécher ass déi jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg?

D’Angscht virun Iwwergrëffer op Judde wier och hei am Land zanter dem Oktober d’lescht Joer méi grouss. Dat seet de President vun de liberaler jiddescher Communautéit mat Sëtz zu Esch, am 100,7-Interview. Déi "europäesch Angscht" déi et bis elo just a Groussstied wéi Bréissel gouf, wier deemno och zu Lëtzebuerg ukomm, sou den David Weis.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow
Synagog zu Esch (Foto: Wikimedia Commons)

Ufeindungen op de soziale Medie wieren un der Dagesuerdnung. Och op oppener Strooss oder a Schoule géif et méi dacks zu Aggressioune kommen. Am Ausland wier d’Lag méi schlëmm, mee et wier wichteg elo opzepassen, datt déi juddefeindlech Tendenzen hei am Land géifen "ënnert Kontrol"” bleiwen, sou nach den David Weis.

Bannent der Europäescher Unioun wier déi Lëtzebuerger jiddesch Communautéit nämlech déi, déi am mannste geschützt wier, gëtt de President vun de liberale Judden ze bedenken, och well ee bis elo de Besoin net sou verspuert hätt.

"De Problem ass natierlech, wann all d'Synagogen am Rescht vun der Europäescher Unioun, ech mengen a gewësse Länner, wéi an der Belsch a Frankräich, souguer vun der Arméi geschützt ginn, da riskéiere mir iergendwann d'Schwaachstell ze sinn."

Just eng Fro vun der Zäit?

Nach wier näischt geschitt, mee dat kéint och just eng Fro vun der Zäit sinn, esou den David Weis. Eng Aschätzung déi de Leit Angscht mécht. Verschiddene géifen hir Kanner net méi an de Reliounsunterrecht schécken oder an de Gottesdéngscht goen, well si sech net méi sécher fillen.

Mat der Police hätt een eng gutt Zesummenaarbecht, seet den David Weis, mee déi hätt och limitéiert Moyenen. Néideg wier am Fong eng konsequent Iwwerwaachung vun de Synagogen am Land. Bei der 70-Joer-Feier vun der Escher Synagog de leschte Freideg wier awer zum Beispill guer keng Police-Presenz assuréiert gewiescht.

Interview lauschterenplay_arrow