Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas-Spezialkommissioun: Charel Weiler ersetzt Laurent Zeimet als Member

Presidenteposten nach oppen

Caritas-Spezialkommissioun: Charel Weiler ersetzt Laurent Zeimet als Member

An der Caritas-Spezialkommissioun ersetzt den CSV-Deputéierte Charel Weiler de Laurent Zeimet als Member. Deen hat jo wéinst méiglechen Interessekonflikter aus der neier Chamberkommissioun demissionéiert.

auto_stories

1 min

Dat well hien als Affekot bei der Etude Schiltz & Schiltz ageschriwwen ass.

De Laurent Zeimet war och President vun der Spezialkommissioun, wien do noréckelt, ass nach net confirméiert. Am Gespréich ass d‘CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert.