Radioen

On air

Kultur um 5  |  Tame Impala - Let It Happen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech Plattform fir de Verglach vun Telekommunikatiounsservicer ass online

Smartcompare.lu

Ëffentlech Plattform fir de Verglach vun Telekommunikatiounsservicer ass online

Smartcompare.lu - esou heescht eng nei ëffentlech Plattform iwwer déi een d'Telekommunikatiounsservicer zu Lëtzebuerg matenee vergläiche kann. Si ass vun haut un zougänglech. 

auto_stories

1 min

Mam Schafe vun deem Outil géif een enger Verflichtung nokommen, déi vum Gesetz fir Telekommunikatioun virgesinn ass, huet de Luc Tapella, Direkter vum Regulatiounsinstitut ILR de Moie bei der Presentatioun virun der Press gesot.

Et sinn d'Operateure selwer, déi dem ILR hir Tariffer, Forfaiten an och aner Detailer musse liwweren. Den ILR sengersäits ass onofhängeg a bewäert d'Donnéeë vun deenen 8 Operateuren deemno net. Zil ass et, datt de Client selwer kann no senge Besoinen an no senge Krittären dee beschtméigleche Fournisseur fannen. De Chef de Service vum ILR, de Marc Kohl, erkläert d'Krittären.

An enger Lëscht vun de Service ginn et Menuen, an deenen een éischt Krittäre kann auswielen. Um éischten Niveau ass dat de Präis pro Mount an d'Dauer vum Engagement. Beim Internet steet dann och d'Vitess do.

Da gëtt et um Site och nach en zweeten an drëtten Niveau - wou een dann nach weider Erklärunge vun den Operateure selwer fënnt, esou de Marc Kohl vum Regulatiouns-Institut ILR.

Eis Journalistin Ana Angel mat weideren Erklärungen an eisem Moiesstudio

Lauschterenplay_arrow