D'Ukrain wier zwar bereet, eng Wafferou vun 30 Deeg anzegoen, an awer gouf et gëschter um Mëttwoch weider Doudeger un der Front. Dat virun allem an der russescher Grenzregioun ronderëm Kursk, wou Russland mat enger Géigenoffensiv géint déi ukrainesch Truppen amgaang ass. Heescht dat, datt de Krich weidergeet wéi virdrun? Datt weiderhi kee Fridden a Siicht ass an datt de Krich vläicht geschwënn och eng Kéier bei eis kënnt?
D'Kanner solle confrontéiert ginn
Déi Froe stellt ee sech net just als Erwuessenen, mee och Kanner a Jugendlecher stelle se sech, an dat net just doheem, mee dacks och an der Schoul. Mee wéi schwätzt ee mat hinnen iwwer esou en Theema? Den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen, seet am 100,7-Interview, datt et ganz op den Alter ukënnt. Een 12-Järegen hätt aner Froen, wéi een 18-Järegen, seet den Direkter vum ZPB.
“D’Kanner oder déi Jugendlech kréien aner Saache mat. Dat Entscheedend ass, datt een op d'Froen ageet oder se och uschwätzt: Wat geet iech duerch de Kapp? Wat kritt dir mat? Wat denkt dir derzou? Wat sinn är Gefiller zu deem Theema?”
Et soll een de Kanner am beschten net einfach soen, si sollte sech keng Gedanke maachen. Mee d’Äntwert op d’Fro, wéi vill ee mat de Kanner iwwer Krich schwätze soll, wier komplex, gëtt de Marc Schoentgen zou.
Et sollt een Theemen uschwätzen, doheem an och an der Schoul. Wann d’Kanner bestëmmte Biller gesinn oder soss eppes opgräifen, da sollt ee si domadder confrontéieren, mengt de Marc Schoentgen. Mee et kéim op déi richteg Approche un.
“Et muss een de Kanner hëllefen, déi Biller oder déi Noriichten ze verstoen, se net ze vill ze veronsécheren, hinne keng Ängscht maachen, well si hunn Ängschten.”
Déi Ängschte sollt een als Elteren opgräifen a seriö huelen, mee och bësse bei sech selwer kucken, réit den Direkter vum ZPB. “Well een als Erwuessene sech jo och Froe stellt, datt een oft déi Saachen net versteet.”
"Et ass net schwaarz oder wäiss"
Mee grad bei Kanner a bei Jugendlechen dierft een net an e gewëssene Fatalismus verfalen, wou ee seet: “Beim Krich, do kënne mir elo guer näischt maachen”, oder “Den drëtte Weltkrich steet virun der Dier”. Dat ass de falsche Message fir déi Jonk, seet de Marc Schoentgen.
D’Fro kënnt natierlech op, ob een d’Situatioun dann awer net verherrlecht? Nee, mengt de Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung. Beispillsweis sollt ee kloer soen, datt et momentan schwiereg ass, fir Léisungen ze fannen, déi zefriddestellend sinn. Grad am Fall vun der Ukrain. Mee déi verschidden Diskussiounen ëm Wafferouen a Friddensverhandlunge sollten thematiséiert ginn.
“Et ass mengen ech awer wichteg ze weisen, datt et fir Konflikter eng Léisung gëtt. An ech mengen, et ass awer grad esou wichteg ze weisen, datt et ëmmer verschidde Perspektiven op e Konflikt gëtt. Et ass net schwaarz oder wäiss. Et gëtt déi Grotéin.”
Egal ob Amerikaner, Russen oder Ukrainer: Et sollt een net ufänken, virun de Jonken d’Situatioun ze pauschaliséieren, warnt de Marc Schoentgen. Als Erwuessene misst ee ganz gutt oppassen, wéi een dat diskutéiert. Dat ass natierlech net einfach an der aktueller Situatioun, wou iwwer villes ganz kontrovers, ganz opgereegt a mat vill Emotiounen, diskutéiert gëtt.
Konflikter fannen de Wee bis an de Klassesall
Besonnesch schwéier kann et fir d'Enseignanten an der Schoul sinn, vun deenen erwaart gëtt, datt si neutral bleiwen. De Marc Schoentgen hëlt d’Léierpersonal awer a Schutz.
“Also vun den Enseignantë gëtt jo alles erwaart: Si musse Schoul halen, si mussen op Froe kënnen äntweren, an d'Froe sinn natierlech esou komplex, datt natierlech de Mathésproff net onbedéngt kann den Ukrainkrich oder de Gaza-Konflikt erklären.”
Dofir kënnt de Marc Schoentgen op seng éischt Ausso zeréck: Et wier einfach wichteg, de Jugendlechen nozelauschteren, hir Suerge matzekréien, a si ze rassuréieren, datt et trotz der aktueller Situatioun net direkt zu engem drëtte Weltkrich komme wäert, “just well e puer Leit dat esou op Social Media posten.”
Den Zentrum fir politesch Bildung bitt och Coursë fir Enseignanten un, wou den Ëmgang mat esou Froen thematiséiert gëtt. Bei deene Coursë géing ee mierken, datt d’Léierpersonal veronséchert an iwwerfuerdert ass. Virun allem, wann de Konflikt bemol am Klassesall optaucht.
“Mir hunn eng ganz divers Gesellschaft. Mir hunn eng ganz divers Schülerpopulatioun. Do kann et jo just sinn, datt Jonker mat ukrainesche Wuerzelen oder russesche Wuerzelen an der selwechter Klass sinn, oder mat bosneschen oder serbesche Wuerzelen, datt do Konflikter sinn an der Klass.”
Déi Emotiounen, mat deenen den ëffentlechen Debat gefouert gëtt, géinge sech mëttlerweil och am Klassesall erëmspigelen, erkläert de Marc Schoentgen. “Wat baussen an der Welt geschitt, wat an der Politik geschitt, dat fënnt een och an der Schoul.” Den Enseignant wier deemno mat komplexe Situatioune konfrontéiert. Wichteg wier dofir de richtegen Ëmgang ze kennen, d’Gespréich mat de Schüler ze sichen, och wann een net all Fro beäntwerte kéint.
Kanner "propper journalistesch Aarbecht" weisen
Wichteg wier och, de Schüler ze weisen, wou ee sech richteg informéiert, fir datt TikTok net déi eenzeg Plattform bleift, wou déi Jonk sech hir Informatiounen hierhuelen.
“An dat ass jo mengen ech d'Aufgab vun den Erwuessenen a vun de Schoulen, weider Informatiounsressourcen ze weisen, wou ee sech nach eng Kéier kann inhaltlech informéieren.”
Dobäi wier et och eng Iddi, mol op déi positiv Noriichten an der Welt anzegoen, fir datt d’Kanner net just mam Negative konfrontéiert sinn. Als Elteren an och an der Schoul sollten d’Kanner mat de klassesche Medie konfrontéiert ginn, wou nach "propper journalistesch Aarbecht" gemaach gëtt, esou de Marc Schoentgen. Dat wier allerdéngs ee groussen Defi, net nëmme bei deene ganz Jonken.
“Dat ass den aktuellen Defi, datt déi Jonk an och déi manner Jonk, also 25-30 Joer, net nëmmen op déi klassesch Medien oder exklusiv op déi klassesch Medien zeréckgräifen, mee natierlech an de Social Media oder an der digitaler Welt ënnerwee sinn an eebe ganz, ganz vill verschidden Informatioune kréien. An de gréisste Risk ass natierlech, wann en enger Filterbubble ass a sech just op eng Source oder op eng Plattform géif verloossen.”
Den Zentrum fir politesch Bildung géing sech dofir asetzen, dat ze änneren, esou nach de Marc Schoentgen.