Nieft dem klasseschen däitschen Dictionnaire bréngt den Duden och nach aner Bicher eraus. Ënner anerem een Dictionnaire fir dat sougenannt "Luxemburger Standarddeutsch". Eng 1.300 Wierder stinn do dran, wéi zum Beispill, plafonéieren, Automobilist oder Bankomat. Wierder, déi villäicht zwar Däitsch klengen, ma am Däitsche guer net benotzt ginn. D'Chefredactrice vum Duden Kathrin Kunzel-Razum erkläert, datt do och vill Ähnlechkeete mam Schwäizer Däitsch bestinn.
Wéi kënnt e Wuert an den Duden?
An der aktueller Printéditioun vum Duden stinn 148.000 Wieder, online sinn et der souguer 250.000. Fir nei Wierder an der Sprooch ze detectéieren schafft den Duden mat enger riseger Textsammlung, dem sougenannte Korpus. Déi Datebank, déi och permanent mat neien Texter gefiddert gëtt, ëmfaasst aktuell ronn 7 Milliarde verschidde Wuertformen. Wéi een neit Wuert aus dem Korpus dann an den Dictionnaire opgeholl gëtt, doriwwer diskutéiert an decidéiert d’Duden-Redaktioun.
Den alleréischten Duden koum iwweregens 1880 eraus. Deen hat deemools 27.000 Wierder. D’Kathrin Kunzel-Razum weess net, wéi vill vun deene Wieder haut nach am Duden stinn, geet awer dovun aus, datt et der ganz vill sinn.