D’Digitalisatioun huet an de leschte Jore staark ugezunn, betount de Pascal Steichen, Direkter vum House of Cybersecurity. Hautzedaags sinn Informatik an Technologien an all eise Liewensberäicher verbreet, domat géifen och déi potentiell Méiglechkeete fir Cyber Attacke klammen.
Bei Privatpersoune sinn et nach ëmmer Emailen, déi verschéckt gi fir se dozou ze kréien hir Donnée präiszeginn. Déi E-Maile géifen och ëmmer méi spezialiséiert verschéckt ginn, warnt de Pascal Steichen.
Entreprise wieren awer e gutt Stéck méi staark vu Cyberattacke betraff. Dat virun allem dowéinst, datt och Entreprisen iwwer Plattformen hir Servicer digitaliséieren.
Wéi kann ee Phishing erkennen?
Wichteg wier et, sech Zäit ze loossen. De Pascal Steichen réit, genau ze liesen, ob am Numm vun der Email-Adress oder am Link op deen ee klicke soll, eppes ze fannen ass, wat drop hindeit, datt dat net déi Firma oder déi Persoun ass, fir déi sech den Ofsender ausgëtt.
Déi, déi probéieren, un de Leit hir Donnéeën ze kommen, maachen dat och dacks mat Drock. Wa se sech zum Beispill als eng Bank ausginn, bei der ee séier seng Konto-Donnée soll uginn, fir seng Suen net ze verléieren. Oder wann ee vermeintlecht Familljemember engem schreift, seng Kaart wier an der Vakanz blockéiert ginn, an een no Sue freet.
Wann ee séier mierkt, datt een Affer vu Phishing ginn ass, an zum Beispill seng Konto-Donnée awer ginn huet, soll een sou séier wéi méiglech säi Konto spären.
Wann engem dat awer réischt méi spéit opfält, kann ee sech beim House of Cybersecurity Hëllef huelen.
Kënschtlech Intelligenz: net just eng Gefor
Kënschtlech Intelligenz ka Kriminellen hëllefen, méi effikass Phishing –Methoden ze entwéckelen. Sou kéinten zum Beispill och Stëmme vu bekannten nogemaach ginn, wann een ugeruff kritt.
Grad esou, bitt d’K.I. awer och nei Méiglechkeeten am Kampf géint Cyberattacken. Et géif aktuell u Projete geschafft ginn, wou mat Hëllef vu K.I. grouss Fäll méi effizient ënnersicht an opgedeckt kënne ginn. Dofir muss awer och fir de Schutz vun der Kënschtlecher Intelligenz selwer gesuergt ginn, fir datt se eben net ausgenotzt gëtt, betount de Pascal Steichen.