Radioen

On air

Notturno  |  Adeline Hotel - Seeing Yourself Seen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geet et weider a Syrien? - Andréck vun Damaskus

Korrespondenz

Wéi geet et weider a Syrien? - Andréck vun Damaskus

A Syrien ass eng friddlech politesch Transitioun ënnerwee. Et sinn elo fënnef Deeg nom Enn vum Regimm vum Baschar al-Assad. An der Haaptstad Damaskus huet deen neien Iwwergangspremier d'Syrier am Land opgeruff hir nei Fräiheet ze genéissen. Eise Korrespondent Philip Crowther war eis am 100,7-Moiesstudio aus der syrescher Haaptstad Damaskus zougeschalt. 

auto_stories

3 min

© Philip Crowther
Foto: Philip Crowther

Philip Crowther (Damaskus)

Haut um Donneschdeg gi sech méi Informatioune vum Iwwergangspremier erwaart, dem Mohammed al-Baschir. Hien ass e Member vun der Hai'at Tahrir asch-Scham, dee Rebellegrupp, deen d'Kontroll elo zu Damaskus huet. Hie wäert déi Pressekonferenz halen, e puer Deeg nodeems hie Ministere getraff huet. Ministere vun där Regierung, déi och scho wärend der Zäit vum Baschar al-Assad de Pouvoir haten.

Dat si Leit, déi weiderhin an der Regierung bleiwen. Dat ass een Deel vun dëser remarkabeler Transitioun.

Eng ganz wichteg Fro fir hien ass: Wat kënnt nom 1. Mäerz? Well esou laang soll dës Transitioun daueren. Et kann net zu Wale kommen an engem Land, dat an zwee, a souguer dräi oder véier Deeler gespléckt ass, an an deem nach ëmmer gekämpft gëtt fir d'Kontroll iwwer grouss Deeler vum Land. 

Zur nämmlechter Zäit ginn et weider gutt Noriichte fir dëse Rebellegrupp vun der UN, vun där Ënnerstëtzung kënnt. De Generalsekretär Antonio Guterres seet, datt dëse Wiessel zu Damaskus Hoffnung bréngt fir dës Géigend.

An och e ganz wichtege Changement aus de leschte véieranzwanzeg Stonnen ass, datt d'Russen hir Flott, hir Schëffer, erausgezunn hunn aus hirer Basis a Syrien. Dat seet een amerikaneschen Offiziellen. D'Russe sinn natierlech ganz wichteg, well si vill Pouvoir fir de Baschar al-Assad garantéiert hu viru sengem Depart viru fënnef Deeg.

Den Haass op d'Assad-Famill

An der Nuecht koume Biller era vum Graf vum fréiere President vu Syrien, dem Baschar al-Assad sengem Papp, dat vu Rebellen a Brand gesat gouf zu Qardaha. D'Graf vum Hafiz al-Assad gouf verbrannt. Dat ass dee Mann, deen un der Spëtzt war vu Syrien, wärend 30 Joer, bis d'Joer 2000. Duerno gouf hien ersat vum Baschar al-Assad. Op deene Biller gesäit een, wéi arméiert Rebelle Fotoe maache mat deem neie Fändel vun der syrescher Oppositioun.

Et hëlt een un, datt deen och iergendwann an noer Zukunft deen neien offizielle Fändel vu Syrie wäert ginn.

Wat een zu Damaskus gesäit ass, datt all d'Portraite vum Baschar al-Assad an och vu sengem Papp zerstéiert ginn. Dat ass een Deel vun der Roserei vun de Syrier vis-à-vis vun deem Regimm. Wat mir awer net gesinn hunn, sinn Ugrëffer vun de Rebelle op Regierungsgebaier oder op Regierungsmemberen. Dat ass weist eng ganz friddlech Transitioun bis elo. 

Wéi kann een d'Atmosphär zu Damaskus beschreiwen?

Also wat mir hei zu Damaskus gesinn, sinn engersäits kleng Changementer, awer op där anerer och immens grouss an historesch Changementer. D'Ausgangsspär koum gëschter zu Damaskus op en Enn. Dat heescht, datt d'Geschäfter e bësse méi laang konnten ophunn, och e puer Banken. D'Restauranten hate bis spéit op. D'Gespréicher mat de Syrier si faszinant. Et gëtt sech gefrot: Wat kënnt fir d'nächst hei a Syrien? Et gëtt eng Angscht, wat fir d'nächst kéint kommen. Ob et zu weidere Jore Krich kéint kommen an dësem Land?

Wat och ganz remarkabel hei ass, ass, datt een arméiert Rebelle gesäit a ganz villen Deeler vun Damaskus. Et gesäit een d'Zeenen, wou gefeiert gëtt mat de Rebellen, wou Leit anti-Assad-Lidder sangen. An dat ass natierlech eppes ganz Neies a Syrien, datt een hei kann esou Saache soen. Datt een deen neie Fändel ka weisen.

A wat besonnesch interessant ass hei am Zentrum vun Damaskus op der Umayyad-Plaz: Hei war am Joer 2011 eng risegrouss Manifestatioun fir de Baschar al-Assad, mat den ale Fändele vu Syrien. Alles dat huet sech ganz séier an deene leschte puer Deeg verännert. Elo kann een deen anere Fändel weisen. An dat mécht de Leit elo keng Angscht méi.