search

/ Wéi eng Reegele gëlle wann ee mam E-Scooter ënnerwee ass?

Mobilitéit

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Wéi eng Reegele gëlle wann ee mam E-Scooter ënnerwee ass?

Genau wéi d‘Vëloe sinn och d‘E-Scootere reglementéiert. Dat preziséiert de Claude Paquet vum Mobilitéitsminsitère. Fir d‘E-Scootere gëllen deemno och genau déi selwecht Reegelen.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
E-Scooter | © EPA/RONALD WITTEK
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Vun 13 Joer u muss een also - genau wéi mam Vëlo - op der Strooss oder um Vëloswee fueren. Um Trottoir ze fueren ass net erlaabt. 

Fir deen, dee sech net un déi Reegelen hält, gëllen och déi selwecht Geldstrofen. Zum Beispill muss ee 74 Euro bezuelen, wann een anzwousch fiert, wou een net dierf fueren, esou de Claude Paquet.

Ëmgebauten E-Scootere gi confisquéiert

Fir d‘E-Scootere gëllt iwwerdeems eng Vitesslimitt vu 25 Stonnekilometer. E-Scooteren, déi ëmgebaut goufen, fir méi séier ze fueren, gi confisquéiert. De Claude Parquet erënnert och drun, datt d‘Assurancen net gräifen, wann ee mat esou engem E-Scooter een Accident huet. 

Eenzel EU-Länner, dorënner och Lëtzebuerg, schloen och eng Harmoniséierung vir, wat déi technesch Reglementatioun vun E-Scooteren ugeet.

"Datt déi Gefierer, déi een ze kafe kritt, korrekt sinn, datt déi net méi wéi déi 25 Kilometer an der Stonn ginn an dass ee sécher ka sinn, dass dat ee Gefier ass, wat och fonctionéiert an net geféierlech ass."

Claude Paquet vum Mobilitéitsministère | © Maurice Molitor
Claude Paquet vum Mobilitéitsministère (Foto: Maurice Molitor)

Keng Immatrikulatiounsplacke virgesi

Immatrikulatiounsplacke fir E-Scootere sinn iwwerdeems net virgesinn, ënnersträicht nach de Claude Paquet. Dat misst een dann och fir d‘Vëloen aféieren.

"Alleguer d'Touristen, déi mat engem Vëlo kommen, d'Kanner, déi e Vëlo hunn, missten dann och alleguer eng Immatrikulatiounsplack kréien."

Déi Prozedur géif och technesch Kontrolle viraussetzen, esou nach de Claude Paquet.

play_arrow Lauschteren