"Was Hänschen nicht lernt, lernt Hans nimmermehr." E Spréchwuert, dat mir gären op d’Kanner applizéieren. Mee vläicht misst ee sech haut d’Fro stellen: Gëllt dat net genee esou fir eis Erwuessener?
De Schwaachpunkt Mënsch
Den 3. Abrëll 2026 zu Waldbëlleg: E schwéieren Accident mat enger E-Trottinett. E jonke Mënsch liewensgeféierlech blesséiert. Et ass keen isoléierte Fall. D’Zuele ginn an d’Luucht, d’Vitess och – an d’Illusioun, datt mir dat alles "am Grëff" hunn, grad esou.
D’E-Trottinett ass eigentlech eng genial Iddi: Flexibel, praktesch, modern. Mee wéi esou dacks gëtt aus enger gudder Iddi e Problem, wann de Mënsch selwer de schwaachste Punkt an der Equatioun ass.
D'Grenzen austesten
Illegal Importer, déi keng europäesch Norme respektéieren. Trottinetten, déi eigentlech op 25 km/h limitéiert solle sinn, mee mat engem klenge Grëff "optimiséiert" ginn. Eng Mentalitéit vum "et geet dach nach" – bis et eben net méi geet.
Mir Erwuessener wëssen et besser - a mir maachen et trotzdeem. Mir manipuléieren, mir drécken e bëssen op d’Grenzen, mir huelen et net esou genee. A mir hoffen, datt et scho gutt geet.
Physik ass keng Meenung
Genau do läit de Problem: Mir halen eis selwer fir méi clever wéi d’Reegelen. Bis d’Realitéit eis afänkt. D’Physik ass nämlech keng Meenung, si ass onbestechlech. Bei 25 km/h gëtt e Stuerz séier zu enger Fro vun Zentimeter um Tarmac – a vun Deeg op der Intensivstatioun.
D’Erfarung aus anere Länner weist, wou dat hiféiert. An Holland, engem Land dat fir seng Vëloskultur bewonnert gëtt, klammen d’Zuele vun de schwéiere Kappverletzungen. Méi Vitess, méi Gefierer, méi Accidenter. A besonnesch: Méi Leit ouni Helm.
De relaxen Ëmgang mam Helm kascht de Gesondheetssystem elo schonns Milliounen. Mee natierlech: Mir maachen et hei besser … oder?
D'Diskussioun ëm den Helm
An dann déi éiweg an emotionell Diskussioun: Helmflicht – jo oder nee?
D’Argumenter si bekannt: Fräiheet, Selbstbestëmmung, net ze vill Reegelen. Dat kléngt plausibel,flott, an ass virun allem bequeem. Et ass d’Fräiheet, de Risiko selwer ze huelen – an am schlëmmste Fall d’Konsequenze vun der Gesellschaft droen ze loossen.
Dat kléngt alles gutt, mee et kléngt och e bëssen no där Logik, mat där mir eis selwer berouegen, wa mir wëssen, datt mir eigentlech e Risiko huelen.
D’Fro ass net, ob de Staat alles muss reglementéieren. D’Fro ass: Wéi vill Verantwortung iwwerhuele mir selwer?
"Jongen a Meedercher – mir maachen de Geck mat eis selwer." Dat ass vläicht déi éierlechst Diagnos. Mir sinn technesch ëmmer méi fortgeschratt, mee an eisem Verhalen heiansdo erschreckend naiv a liichtfankeg.
Net d'E-Trottinett ass schold, mee deen, deen drop steet
Mir léieren eise Kanner, virsiichteg ze sinn. Mir schwätzen iwwer Reegelen, iwwer Sécherheet, iwwer Respekt am Verkéier. Mir insistéieren op Reegelen, op Sécherheet, op Virbildfunktioun. A gläichzäiteg fuere mir selwer ouni Helm, mat manipuléierter Vitess an duerch eng ëmmer méi komplex Verkéierswelt.
Wat léiert dann den "Hänschen", wann den "Hans" et net virlieft?
Et geet net drëm, d’E-Trottinett ze verdäiwelen. Si ass net de Problem. Si ass just de Spigel. De Problem si mir: Eis kleng Kompromësser, eis Bereetschaft, Grenzen auszetesten, Risiken ze bagatelliséieren an eis Iwwerzeegung, datt et "bei eis schonns gutt geet".
Bewosst Entscheedungen huelen
Vläicht ass et Zäit fir eng nei Form vu Maturitéit: Net méi fräi sinn trotz de Reegelen, mee fräi sinn duerch Verantwortung.
En Helm undoen ass keng Schwächt. Et ass och keng Iwwerreglementatioun. Et ass eng bewosst Entscheedung, sech selwer eescht ze huelen. Eng Entscheedung géint d’Illusioun, datt näischt geschitt – egal wéi kuerz den Trajet och ass.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.