arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 72 Stonnen am Krisefall – mee wéi verhënnere mir en?

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

72 Stonnen am Krisefall – mee wéi verhënnere mir en?

Wat soll een alles am Fall vun engem Noutfall doheem hunn? En neie Guide vun der Regierung soll opklären. Mee mécht esou e Guide eis méi sécher oder méi nervös? Doriwwer mécht sech de Philosophie-Professer Jean-Luc Thill seng Gedanken an engem Fräie Mikro.

reading time

4 min

Déi lescht Deeg hu vill Leit zu Lëtzebuerg Post vun der Regierung kritt. E faarwege Guide mat enger Checklëscht, wéi ee sech op eng Kris virbereede kann, fir am Noutfall dräi Deeg laang autonom iwwer d'Ronnen ze kommen.

Waasser, Iessen, Täscheluucht an nach villes méi – wat soll een alles doheem hunn? A mécht esou e Guide eis méi sécher oder éischter méi nervös?

Eppes Surreales

Et wier eng Première: Ech krut e Bréif vum Premierminister. De Luc Frieden huet mir geschriwwen. Net fir mech op e Staatsbankett anzelueden, net fir mir eng gutt Nouvelle matzedeelen, mee fir mir ze erklären, wéi ech déi éischt 3 Deeg vun enger Kris soll iwwerstoen.

Mat Béchsen, Drénkwaasser, enger Täscheluucht, bëssi Täschegeld, Medikamenter an engem Radio mat Batterien.

Et huet schonn eppes Surreales, wann de Premier vun engem vun de räichsten a sécherste Länner op der Welt seng Bierger:innen dozou oprifft, sech op 72 Stonnen ouni Stroum, Waasser oder funktionéierend Kommunikatioun virzebereeden.

Net méi just Naturkatastrophen, mee och Krich

Natierlech ass dat vernënfteg. Eng Naturkatastroph, eng Cyberattack oder e gréissere Stroumausfall kënnen eis alleguer treffen. Mee de Kontext, an deem dëse Package kënnt, ass net onschëlleg.

Hätt ech virun e puer Joer bei esou enger Campagne un eng Iwwerschwemmung oder soss Naturkatastroph geduecht, denken ech haut  - an domadder sinn ech sécher net eleng - och oder grad u Krich.

An dat seet eppes iwwer d'Zäit, an där mir liewen.

Kann e Krich gerecht sinn?

De russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain, d'Konflikter tëschent Israel an der Hamas, d'Spannunge mam Iran an déi rezent Ausschreidungen a Frankräich weisen eis, wéi fragil Fridden a Sécherheet kënne sinn – och an eiser direkter Ëmgéigend.

Natierlech ass eng gewaltsam Demonstratioun kee Krich. Mee och si erënnert eis drun, wéi séier Sécherheet, Uerdnung an dat friddlecht Zesummeliewe kënnen a Fro gestallt ginn.

Gläichzäiteg gedenke mir zu Lëtzebuerg reegelméisseg der Befreiung vum Nationalsozialismus. Mir éieren déi Mënschen, déi gekämpft hunn, fir eis Fräiheet ze verdeedegen. An dat zu Recht.

Mee domat sti mir virun enger philosophescher Fro, déi méi wéi 2.000 Joer al ass: Kann e Krich gerecht sinn?

Ass alles moralesch gerechtfäerdegt?

Nieft de klasseschen Argumenter vum gerechte Grond also der Ursaach an der gerechter Absicht geet de moderne Philosoph Michael Walzer nach e Schrëtt weider. Hie mécht en Ënnerscheed tëschent dem Recht, e Krich ze féieren, an der Aart a Weis, wéi e gefouert gëtt.

Well och wie sech zu Recht verdeedegt, däerf net alles maachen.

D'Geschicht vum Zweete Weltkrich weist eis genee dëse Problem. De Kampf géint den Nationalsozialismus war moralesch gerechtfäerdegt. Mee waren dofir och d'Bombardementer vun Dresden oder d'Atombommen op Hiroshima an Nagasaki gerecht?

Eng gerecht Saach mécht net automatesch all Mëttel gerecht.

Fridden ass méi wéi gutt gefëllte Stellagen am Keller

An awer: Wat bleift eis, wann en Aggressor eis Fräiheet, eis Sécherheet oder eist Liewen a Fro stellt? Ass et da moralesch richteg, net ze kämpfen?

De Fridden ass eben net ëmmer duerch de Verzicht op Gewalt ze garantéieren. Mee e kann och net eleng duerch Gewalt entstoen. An do si mir erëm bei eisem neie Luc a senger Ekipp mam 72-Stonne-Guide.

Et ass sécherlech vernënfteg, Waasser, Béchsen an e Radio mat Batterien am Haus ze hunn. Et ass och richteg, datt e Staat seng Bierger:innen op méiglech Krise virbereet.

Mee nieft der Fro, wéi mir déi éischt 72 Stonne vun enger Kris iwwerstoen, sollte mir eis vläicht nach eng aner stellen: Wat maache mir haut, fir datt et guer net zu deenen 72 Stonne kënnt?

Well de Fridden ass méi wéi d'Absence vum Krich. An en ass definitiv méi wéi eng gutt gefëllte Stellage am Keller.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.