arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beschützt den Internationale Strofgeriichtshaff

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Beschützt den Internationale Strofgeriichtshaff

Gegrënnt fir schlëmmste Verbriechen net ongestrooft ze loossen, ass den internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag duerch rezent Sanktioune vun den USA a senger Existenz bedrot. Et brauch eng ferm Reaktioun fir dëser Attack op dat internationaalt Recht ze begéinen. E Fräie Mikro vum Frank Wies.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Frank Wies | © 100,7
Frank Wies (Foto: 100,7)

Leschten Freideg gouf annoncéiert, datt de Friddensnobelpräis dëst Joer un d’Madamm Navanethem Pillay geet fir hiren Asaz fir dat internationaalt Recht an de Fridden.

Bekannt fir hire Kampf géint d’Apartheid a Südafrika huet si sech virun allem en Numm gemaach als Presidentin vum internationale Geriichtshaff fir de Vëlkermord a Ruanda an duerno als Riichterin um internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag.

Internationale Strofgeriichtshaff soll geläämt ginn

Gegrënnt 1998 vun net manner wéi 120 Staaten, soll des Institutioun déi Responsabel vun de schlëmmste Verbriechen op der Äerd – Krichsverbriechen, Verbrieche géint d’Mënschlechkeet a Genozid – zur Rechenschaft zéien an hiren Affer eng Gerechtegkeet bréngen déi hinne soss verweigert géif ginn.

De selwechten Dag vun der Annonce vum Nobelpräis huet déi amerikanesch Regierung bekannt ginn, datt den internationale Strofgeriichtshaff wäert mat finanzielle Sanktioune beluecht ginn déi hien, laut den Aussoe vum Ausseminister Rubio, soll lämen.

All finanziell Transaktioun mat dem Strofgeriichtshaff soll esou verhënnert ginn.

D’Recht vum Stäerkste géint d’Kraaft vum Gesetz duerchsetzen

Dat, well d’Geriicht vun Den Haag Ermëttlunge géint den israeelesche Premier Netanjahu opgeholl huet wéinst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet am Kader vum Krich a Gaza. Oder well et sech getraut hat, méiglech Krichsverbrieche vun der amerikanescher Arméi an der CIA an Afghanistan ze ënnersichen.

Déi italieenesch Mafia huet an der Zäit Riichter, déi géint si ermëttelt hunn, an d’Luucht gesprengt. D’USA brauche keng Autosbomme fir e Geriicht ze bekämpfen, wat hinnen net an de Krom passt.

Si benotzen hir politesch a wirtschaftlech Hegemonie fir d’Recht vum Stäerkste géint d’Kraaft vum Gesetz duerchzesetzen.

Och déi Lëtzebuerger Regierung ass an der Verantwortung

Dat ass net nëmmen eng beispilllos Attack op dat internationaalt humanitäert Recht, mee och en Affront géint déi mëttlerweil 125 Länner, déi den internationale Strofgeriichtshaff unerkennen.

Wa si elo net ferm reagéieren, dann huet dat Konsequenze wäit iwwer d’Geriicht vun Den Haag eraus. Da verabschit ee sech vum Verspriechen, datt keen, onofhängeg vu senger Muecht, sollt dovun ausgeholl ginn, fir international Verbriechen zur Rechenschaft gezunn ze ginn.
 
Och déi Lëtzebuerger Regierung ass hei an der Verantwortung. Sie kann net méi hir Hänn an Onschold wäschen, wéi si dat gemaach huet nodeems d’Spuerkeess, aus Angscht fir hire Business an den USA, e Kont vum Strofgeriichtshaff zou gemaach hat.

Et muss een aktiv ginn

Et geet och net méi duer, dat amerikanescht Virgoe just schaarf ze verurteelen. Nee, et brauch konkret Mesurë fir dem Strofgeriichtshaff et ze erlaben, seng Aarbecht weiderzeféieren.

Dat kënnen zum Beispill schrëftlech Garantië si fir den Déngschtleeschter Rechtssécherheet ze gi géint Sanktiounen, wa si mam Geriicht vun Den Haag zesummeschaffen an esou verhënneren, datt dës duerch eng exzessiv Risikoreduktioun all Mataarbecht astellen.

Och op europäeschem Plang muss ee sech asetze fir d’Akraafttriede vu legalen Instrumenter, déi scho besti fir d’Auswierke vun de Sanktiounen ausserhalb vun den USA ze blockéieren.

Et gëllt elo Faarf ze bekennen. Ass ee bereet sech aktiv fir dat internationaalt Recht anzesetzen oder sinn eng Handvoll Dollare fir eis Finanzplaz eis méi wichteg?

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren