arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ National Motor-Campagne: 267 Infraktioune bannent engem Mount festgestallt

Verkéierssécherheet

|
reading time

1 min

National Motor-Campagne: 267 Infraktioune bannent engem Mount festgestallt

Am Kader vun der nationaler Motor-Campagne huet d‘Police tëschent Enn Mäerz an Enn Abrëll 267 Infraktioune festgestallt. Dat geet aus dem Bilan vun der Police ervir.

reading time

1 min

Symbolfoto Motorrad | © picture alliance
Symbolfoto Motorrad (Foto: picture alliance )

25 Protokoller goufen et wéinst ze héijer Vitess an 41 well de Motocycliste keng Pabeiere bei sech hat.

78 Protokoller goufen et, well d‘Motorrad net konform war a 36 well de Motocycliste selwer net dem Gesetz no gekleet war.

Weider goufen iwwer 40 Motocycliste gestoppt, wéinst hirem geféierleche Fueren oder well se sech net un d‘Stroosseschëlder gehalen hunn.