De Minister erwäant a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun deene Gréngen och, datt déi finanziell Hëllefe fir Elektroautoen Enn 2024 vu maximal 8000 op 6000 Euro erogesat goufen, mee hie nennt dat net direkt Grond fir d‘Stagnatioun vu neien Immatrikulatiounen vun Elektroautoen.
Déi gréng Deputéiert e fréier Ëmweltministerin Joëlle Welfring huet an hire parlamentarescher Fro den Ëmweltminister och nach gefrot, a wéi wäit Hybrid- a Plug-In Hybrid Autoen, déi staark zougeholl hunn, en Obstakel kéinte si fir d‘Elektrifizéierung vun der Flott. De Serge Wilmes rappeléiert, dass et zanter 2022 kéng finanziell Hëllef méi fir Hybride gëtt.
Et ginn awer den Ament nach ëmmer steierlech Avantagë fir Betriber, déi Hybrid-Autoe fir hir Salariéë kafen oder leasen. Dëse Steierregimme géif d‘Regierung den Ament awer analyséiere fir en eventuell unzepassen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.