arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een am Altersheem mat der extreemer Hëtzt ëmgeet

Gesondheet

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Wéi een am Altersheem mat der extreemer Hëtzt ëmgeet

Hëtztwellen affektéiere quasi jiddereen. Besonnesch alertéiert ass awer d'Personal an Altersheemer. Hei, wou virun allem vulnerabel Leit liewen, kann d'Hëtzt séier zur Gefor ginn. Fir datt dat awer net geschitt, ass een drop virbereet.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Mir si matzen an enger Hëtztwell. Fir de Süde vum Land hat Meteolux gëschter um Mëttwoch schonn eng Alerte orange gemellt. An och haut um Donneschdeg sollen d'Temperature bis op 34 Grad klammen. Do gëllt: Genuch an iwwer den Dag verdeelt Waasser drénken, d'Rolllueden erofloossen a vermeiden an de wäermste Stonnen dobaussen ze sinn.

Virun allem op vulnerabel Persoune soll een oppassen. Grad an den Altersheemer heescht et also besonnesch oppassen. 

E modernt Gebai zu Käerjeng

D'Altersheem zu Nidderkäerjeng, dat vu Servior bedriwwe gëtt, ass wuel éischter eng Ausnam: Dat neit Gebai ass am Januar dëst Joer opgaangen. Déi waarm Temperature kritt een dobanne kaum ze spieren. D'Rollluede ginn iwwer een zentraliséierte System automatesch erof an och d'Fënstere ginn nuets automatesch op, wéi den Direkter Daniel Lemal erkläert.

"Dat heescht, nuets ginn iwwerall d’Fënsteren op, ausser an de Kummere vun de Bewunner, datt mir kënnen d'Pièce-communë ventiléieren, datt do frësch Loft erakënnt."

D'Räim ginn och mat ënnerschiddleche Systemer gekillt. Esou hu Reuniounsraim Klimaanlagen. D'Gemeinschaftsraim an d'Restauranten hunn e gekillte Plaffong. De Problem mat der Klimaanlag wier nämlech deen, datt et séier zitt an et de Leit ze kal gëtt.

Reegelméisseg den Tour duerch d'Gebai maachen

Net just duerch d'Infrastruktur gëtt fir d'Wuelbefanne vun den 196 Bewunner:inne gesuergt. Grad eeler Leit hu manner Duuscht an dofir net selwer de Reflex genuch ze drénken. Deemno mécht d’Personal méi dacks den Tour, fir de Leit ze drénken ze ginn.

"Haaptsächlech och bei deenen, déi net esou autonom sinn, déi dann och vergiessen emol ze drénken, wou den Tour d'hydratation dann ugepasst gëtt, mat och Téi, net nëmme just Waasser mat Sirop, mee och gekilltem Gedrénks, och gekillte Kollatiounen, wéi Waassermeloun oder aner Friichten, déi dann och Flëssegkeet kënne bäidroen."

De gréisste gesondheetleche Risiko wier Dehydratioun, erkläert den Daniel Lemal. Dat kéint och ganz séier goen. Schlëmm Fäll hätt een awer bis elo gutt verhënnert kritt.

Fir d'Personal heescht et bei Hëtztwellen also: Nach méi sensibiliséiert an op Alert ze sinn.

Genuch Waasserspender, och fir d'Personal

Dat neit Gebai erliichtert hinnen awer d'Aarbecht, mengt den Daniel Lemal. Dobäi erënnert hie sech un dat aalt Altersheem zu Nidderkuer, éier een op Nidderkäerjeng geplënnert ass. Do war net esou villes automatiséiert.

"Do muss ech drun denken dann, wann et um 22 Auer ufänkt, e bëssen ofzekillen, datt ech duerch dat ganzt Gebai lafen, an de Partie-communnen alles oprappen, datt do frësch Loft kënnt. Mee ech muss dann drun denken, den nächste Moien da spéitstens um 9 Auer alles zouzemaachen, well soss kënnt d’Hëtzt eran."

Aarbecht, déi de ronn 200 Mataarbechterinnen a Mataarbechter elo erspuert bleift. Op all Stack sinn iwwerdeems och Waasserspender, fir datt och d'Personal genuch ze drénke kritt.

Vereenheetlechung wat extra Mesuren ugeet

An och d'Vizepresidentin vun der Personaldelegatioun vu Servior, d'Vanessa Schlienger vum OGBL, erkläert, datt an all den Heemer vu Servior fir Hëtztwellen extra Mesuren a Rechter gëllen, déi iwwer de Kollektivvertrag erausginn. Zum Beispill méi liicht Kleedung kënnen unzedoen.

Nach géif et un den eenzelen Haiser leien, wat genee ëmgesat gëtt. Et géif een awer als Personaldelegatioun dru schaffen, datt dat vereenheetlecht gëtt.

play_arrow Lauschteren