Bei den aktuelle Wiederkonditioune wier de Risiko vum sougenanntem "Dréche-stress" bei de Beem héich. Op den éischte Bléck kéint een net ëmmer erkennen wéi eng Beem betraff sinn an wéi eng net, esou de Michel Leytem vun der Bësch an Naturverwaltung.
“Do kann et och dozou kommen. Datt Äscht emol eng Kéier eroffalen, déi äusserlech eigentlech kärgesond sinn, dat kann ee guer net gesinn, mee duerch deen Dréche-Stress kënnen och gesond Äscht eroffalen, an dat ass dann och wou de Risiko eigentlech am héchsten ass.”
Mann war am Mëllerdall vun engem Aascht getraff ginn
D’lescht Woch war ee Mann am Mëllerdall vun engem Aascht getraff ginn, hien ass antëscht u senge Blessure gestuerwen. Doropshi präziséiert d’Naturverwaltung, datt de Bësch awer weider secher wier, ënner der Konditioun, datt een opmierksam ass a sech net ze laang op där selwechter Plaz ophält.
Kroune vun de Beem kréien net genuch Waasser a stierwen of
Besonnesch d’Bichen hätten aktuell mat der Dréchent ze kämpfen. D’Kroune vun dëse Beem géifen net genuch Waasser kréien an dowéinst ofstierwen. Mee d’Verwaltung ënnersträicht, datt een op ville Plaze géif jonk Beem gesinn, déi ënner deene Geschwächte weider wuessen, seet de Michel Leytem.
"Datt do ënnendrënner, awer erëm jonk Beem kommen, déi nach gesond sinn. An duerfir ass et och esou wichteg, déi do stoen ze loossen, well mer wierklech gär dat Bëschklima am Allgemengen ëmhalen, well dat fir d'Verjéngung vun de Beem an och fir datt mer erëm neie resilienten a gesonde Bësch kréien, ass dat extreem wichteg."
Risiko vu Bëschbränn këmmt och hei am Land
Gläichzäiteg klëmmt duerch déi laang Dréchent och de Risiko vu Bëschbränn. Och wann et bis elo nach keng gréisser Bränn gi wieren, wier et weider wichteg sech un déi bekannte Reegelen ze halen, de Michel Leytem.
"Et ass elo net de Moment, fir dobaussen am Bësch ze grillen. Et ass och net de Moment, fir dobaussen am Bësch ze fëmmen an iergendeng Zigarett op de Buedem ze geheien. Och net mat Autoen op d'Plaze parken oder erafueren, wou drëschent Grasen drënner ass. Wéi elo och dat kann da ganz séier ze brennen."
De Fakt, datt d’Lëtzebuerger Bëscher keng Monokulture wieren, anescht wéi beispillsweis d’Kiferbëscher a Süd-Frankräich, géif mat sech bréngen, datt se sech regeneréiere kennen. D’Gefor vu groussflächege Bränn wier dowéinst och manner héich.