arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beschbränn an der Gironde hu sech um drëtten Dag hannerteneen net weider ausgebreet

Klima

|
reading time

1 min

Beschbränn an der Gironde hu sech um drëtten Dag hannerteneen net weider ausgebreet

D'Feier huet op méi Plazen ëmmer nees nei ugefaangen, mee d'Pompjeeë konnten eng weider Ausbreedung verhënneren. Haut soll et am Südweste vu Frankräich net méi grad esou waarm gi wéi gëschter, esou datt sech weider Hoffnungen op eng Entspanung vun der Situatioun gemaach ginn.

reading time

1 min

© EPA/SOPHIE GARCIA
(Foto: EPA/SOPHIE GARCIA)

42.000 Hektar sinn an de leschte siwen Deeg verbrannt. Et ass dat gréisste Feier a Frankräich zënter 1949. 42.000 Hektar sinn an de leschte siwen Deeg verbrannt.

Lëtzebuerg hëlleft Frankräich

Am Optrag vun der Lëtzebuerger Regierung gouf gëschter ee Läschfliger vun enger Filial vun der Cargolux an d’Regioun geschéckt. Zwou weider Maschinne vun Aquarius Aerial Firefighting sinn an d’Gironde geflunn. Déi waren an der Tierkei stationéiert a stinn deemno ënner tierkescher Verantwortung, sot eis de CEO vun AFF. 

D‘Regierung huet och matgedeelt, datt 15 Pompjeeë vum CGDIS an eng franséisch Pompjees-Unitéit vum Departement Moselle integréiert ginn, fir bei de Läschaarbechten ze hëllefen.