arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbränn am Departement Gironde: 55.000 Léit ronderëm Bordeaux evakuéiert

Europa

|
reading time

1 min

headphones

3 min

play_arrow

Bëschbränn am Departement Gironde: 55.000 Léit ronderëm Bordeaux evakuéiert

Am Departement Goronde hunn eng 220.000 Leit déi hir Haiser bis elo misse verloossen. Ronn 42.000 Hektar si bis elo verbrannt. Dat sinn déi lescht, ëmmer nach nëmme provisoresch Zuele, vun den uerge Bëschfeieren am franséischen Departement Gironde.

reading time

1 min

headphones

3 min

play_arrow
Bëschbränn am Süde vu Frankräich | © EPA/SEBASTIEN NOGIER
Bëschbränn am Süde vu Frankräich (Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

Hënt koum den Opruff vun der Prefekture, fir 55.000 weider Persounen aus Gemengen no bei Bordeaux ze evakuéieren. Bis elo sinn duerch déi schro Bränn och scho ronn 140 Haiser de Flamen zum Affer gefall.

Tour de France gekierzt

Am fréien Owend ass haut déi 21. a lescht Etapp vum Tour de France. Dës gouf op 89km verkierzt, well wéinst de Bëschfeieren am Südweste vu Frankräich Polizisten an Zaldoten dohin ofgezu goufen. 

Bëschbränn a Spuenien 

A Spuenien ass eng Persoun duerch e Brand no bei Valencia ëm d’Liewe komm. Fir d’Regioune Madrid an Avila gëllt iwwerdeems den Noutstand. Eng 60.000 Leit hunn hir Haiser misse verloossen.

A Spuenie stinn d’Zeechen awer éischter op Entspanung. De Wand ass manner staark wéi déi Deeg virdrun, d’Loftfiichtegkeet ass erop- an d’Temperatur erofgaangen, esou datt sech d’Feiere manner séier verbreet hätten.

play_arrow Lauschteren